D’Pascale Engel de Abreu, Entwécklungspsychologin a Fuerscherin op der Universitéit Lëtzebuerg, hannerfreet d’Roll vun der Schoul am 21ten Joerhonnert.

Si geet op differenzéiert Fërderung vun diverse Kanner an a freet sech, firwat d’Fuerschung de Wee an d’Klassenzëmmer dacks net fënnt.

Kanner brénge Begeeschterung a Virwëtz an hiren éischte Schouldeeg mat, zesumme mat Interêten an eenzegaartege Kompetenzen, déi duerch hir Erfarunge geformt sinn. Mir wëssen datt eng gutt Bildung an eng gutt Zukunft matenee verknäppt sinn, datt d’Léiere vun haut mat de Chancë vu muer zesummenhänken, an datt gebilte Bierger zu enger gesonder a produktiver Gesellschaft bäidroen. Leider ginn awer ze vill dacks, ze vill Kanner dru gehënnert hiert vollt Potenzial kënnen ze realiséieren.

Zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner, hale Bildungssystemer un engem ale Modell fest, deen dorop ausgeluecht ass, standardiséiert Fäegkeeten a Wëssen ze vermëttelen, déi op ‘klassesch’ Beruffer a spezifesch Karriärsweeër virbereeden, net awer op een Aarbechtsmarché deen ëmmer méi transversaalt a kritescht Denken, Problemléisung a Kreativitéit erfuerdert.

Schoulsystemer, sinn dacks op d’Fäegkeete vum ‘Duerchschnëttsschüler’ ausgeriicht a féieren d’Kanner eenheetlech duerch de selwechte Curriculum an déi selwecht Tester. Tester, déi op hirem Alter baséieren, onofhängeg vun individuellem Hannergrondwëssen an Interêten.

Sou eng ‘one-size-fits-all’-Approche zum Unterrecht an dem Léieren ass eng besonnesch Erausfuerderung fir Kanner mat Kompetenzen, déi net dem Duerchschnëtt entspriechen. Zum Beispill Kanner mat enger Neurodivergenz oder Kanner mat aussergewéinleche kreativen oder sozio-emotionale Fäegkeeten.

Duerch Fuerschungserkenntnesser aus de Kognitiounswëssenschafte versti mir haut vill besser wéi Kanner léieren a wéi mir divers Kanner kéinten effizient ënnerstëtzen an differenzéiert fërderen.

Leider reagéiere festgefuere Schoulsystemer a verankert Unterrechtspraxissen, weltwäit, nëmme lues op nei Erkenntnesser aus der Wëssenschaft. D’Wëssenschaft fënnt de Wee an d’Klassenzëmmer leider net dacks. Ee Grond dofir ass ënner anerem deen, datt d’ Fuerschung ze wéineg Unhaltspunkten a Richtlinne gëtt, wat do ze maachen ass. Mir brauchen nach vill méi sougenannt ‘translational’ Fuerschung, déi sech domat beschäftegt, wéi ee Fuerschungsresultater um Terrain konkret ëmsetze kann.

Mee net nëmmen iwwert de ‘Wéi’ mee och iwwert de ‘Firwat’ sollte mir eis Gedanke maachen. Firwat ënnerriichte mir gewësse Saachen hautdesdaags nach? Sinn eis Erwaardungen un d’Kanner an eis Critèren, iwwert déi mir Educatiounssuccès definéieren, enger Welt vu wuessender Komplexitéit nach ugepasst?

Eis Kanner sinn am 21ten Joerhonnert ukomm, ass eis Schoul et och?