Akute Personalmanktem besuergt d’Betriber

Dat seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Hei ass d'Carte Blanche vum Carlo Thelen.
Als internationalen an dynameschen Aarbechtsmaart deet sech Lëtzebuerg zënter Joren ervir. Et ass eng Success-Story op 30 Joer gekuckt: Eise PIB huet sech bal verdräifacht, d’Bevëlkerung ass em 65% geklommen an d’Aarbechtsplazen hunn sech méi wéi verduebelt. Des Entwécklung ass virun allem op den Zouwuess vun auslänneschen Aarbechtskräften zeréckzeféieren, si maache 70% vun de 485.000 Salariéen aus.
D’Oppenheet an den Dynamismus sinn eng Stäerkt vun eiser Wirtschaft, mee och Lëtzebuerg leit haut un engem uerge Personalmanktem. International ass d’Sich no Talenter haart. Dëst kennt duerch déi digital an ökologesch Transitiounen, d‘Veralterung vun der Bevëlkerung, an d‘Erwaardunge vu jonke Léit (déi sougenannte Generatioun Z) par Rapport zur Aarbechtswelt.
D’Feele vu Personal, ass net just e Problem fir eis Betriber. Et huet en Impakt op d’Finanzéierung an Nohaltegkeet vun eisem wirtschaftlechen a soziale Modell. D'Lëtzebuerger Wirtschaft a Gesellschafft géif sech ouni de Bäitrag vu auslännesche Mataarbechter net méi weider entwéckelen. Gläichzäiteg musse mir méi digitaliséiere fir mat de bestoende Ressourcë méi produktiv an effizient ze sinn. Méi mat manner maachen, bléift e wichtegt Uleies.
Um Terrain sinn d’Betriber immens besuergt. Si erliewe wéi schwéier et ass, d'Kompetenzen ze fannen, déi se brauchen, op alle Qualifikatiouns Niveauen. Fannen si net déi gëeegente Profiller an der Groussregioun, sichen si a ganz Europa an heiansdo doriwwer eraus. Dat ass munchmol esou akut, datt d'Produktioun reduzéiert muss ginn, well et u verfügbare Kompetenzen a Léit feelt. Mam Manktem un Talenter gëtt och de Risiko vu Konkurrenz tëscht de Firmen, par Rapport zum Staat a géigeniwwer de Nopeschlänner méi grouss.
Léisungen zum Personalmanktem verlaangen Aktiounen a verschiddene Beräicher:
Fir d’éischt musse Jonker eng gutt Ausbildung kréien a richteg orientéiert ginn, fir hiert vollt Potenzial ausschöpfen ze kennen. De Lifelong Learning muss méi promouvéiert ginn, an déi dual Ausbildung op den héijere Studiegäng ausgebaut ginn.
Nieft der Ausbildung, ass et wichteg Talenter unzezéien an hei ze halen. Do musse mir tatkräfteg upaken. Zum Beispill mat attraktive Steiermesuren, dem Ausbau vu modernen Infrastrukturen an de Beräicher Mobilitéit a Logement, enger Begleedung fir d’Leit déi sech hei installéiere wëllen, an doriwwer eraus vereinfacht Prozedure fir Leit ausserhalb vun der EU unzezéien.
Konkret a prioritär Léisunge stinn am Mëttelpunkt vun enger Table Ronde vun der d'Chambre de Commerce de 27. Mäerz zum Thema "Aarbechtsmaart an Talenter". D’Betriber si prett fir nei Weeër ze goen an op dësem Event hunn si Méiglechkeet fir hir Léisunge mat de Politiker aus den eenzele Parteien ze diskutéieren.