Selwer responsabel?

Viru genee 3 Joer huet e bis dato onbekannte Virus, eis Liewensgewunnechten uerdentlech duercherneegerëselt. Villes, wat bis dohin normal war, ass vun haut op muer iwwer de Koup gehäit ginn. Dat huet dach sou munch Iwwerleeunge matsechbruecht, mä huet eis Liewensastellung sech säithier wierklech geännert?
3 Joer ass et hier, dat eng gewëssen Angscht an e grousse Respekt virun enger neier Form vu Virus eisen Alldag duercherneegerëselt huet. Villes, wat virdrun ganz natierlech war, war op eemol net méi méiglech oder mat grousse Limitatiounen a Komplikatioune verbonnen. Dat huet bei deene Meeschte vun eis eng ganz Rei Iwwerleeunge mat sech bruecht, souwuel iwwer de Wäert vum Liewen, wéi och iwwer dat wat wichteg fir sech selwer, seng Famill a Frënn ass. Gewunnechten hu misse geännert ginn, ma et ass awer viru gaangen. U sech ass et kloer ginn: back to the roots, sech op dat Weesentlecht konzentréieren, manner ass méi, an dës - aus enger Krisesituatioun eraus, nei Asiicht- ass och Eppes, wat een no Corona wollt viruféieren. 3 Joer duerno schéngt nees alles beim Alen. Mir hunn eis séier nees vun eisem fréiere Liewen accaparéiere gelooss.
Ech hunn net d’Gefill, datt nach vill iwwreg ass vun der Astellung, fir sech selwer responsabel ze sinn a bewosst Decisiounen ze huelen, déi eventuell manner komfortabel an der Ëmsetzung a méi ustrengend an der Ausféierung sinn, fir sou seng Gesondheet laangfristeg selwer an d’Hand ze huelen. Ugefaange bei enger reegelméisseger Aktivitéit am Gréngen, déi mat enger positiver Repercussioun zu engem verbesserte Wuelbefanne bäidréit. Da beim Iessen, wou an der Pandemie nees vill méi selwer gekacht ginn ass mat lokalen a saisonale Produkter a virun allem méi op gesond Iessen opgepasst ginn ass. Et ass sech iwwerhaapt nees méi interesséiert ginn, wat an eisem Teller lant, wou d’Liewensmëttel hierkommen a wéi eng Nierstoffer dra sinn. Eng méi gesond Ernierung baséiert op méi Uebst a Geméis a planzlechen Proteinne, geet och zesumme mat engem besseren ekologesche Foussofdrock, dee jo aktuell vill diskutéiert gëtt.
Déi rezent Diskussiounen iwwer de Gesondheetssystem weisen dat een u seng Limitte stéisst, souwuel wat d’disponibel Medikamenter ugeet, wéi och de Manktem un Dokteren a Fleegepersonal, wat op eng ganz ugespaant Zukunft hindeit.
Des Signaler missten bei Jiddwerengem zu enger Prise de conscience féieren, fir souwuel am Virfeld, wéi och wann ee krank ass, selwer méi responsabel z’agéieren. Och preventiv op natierlech Substanzen, wéi lokal Kraider a Planzen, grad wéi Mineralien a Vitaminnen, op Naturheelmëttel an douce Medezin am Allgemenge setzen, déi sech iwwer Joerhonnerte bewäert hunn - Hildegard von Bingen ass nëmmen ee bekanntent Beispill - erméiglecht et villäicht perséinlech en Deel derzou bäizedroen dat de Gesondheetssystem manner séier u seng Limitten kënnt. Och wann dat fir jidderee selwer op laang Dauer méi Engagement an Opwand bedeit, ass d’Resultat souwuel fir d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vum Eenzelen, wéi och fir d’ganz Gesellschaft largement positiv.