An dëser Carte Blanche encouragéiert de Serge Tonnar de Publikum, fir och déi kulturell Produktioune kucken ze goen, déi e souwisou mat bezilt...

Carte Blanche vum Serge Tonnar

Léiwe Publikum,

Gläich kënnt jo dee léiwe brittesche Boys-Band-Bopi op Lëtzebuerg, an ech war bal vum héije Päerd gefall, wéi ech d'Ticketspräisser gesinn hat. Stënterlech hunn ech e Schnëssknuppert vu mer ginn, oder e Coup de gueule, well ech fonnt hunn, et géif keng Relatioun méi bestoen, mat de Präisser fir eis hausmaacher Kléngkonschtkämpfer. Du reegs dech jo gären op, wann s de méi wéi 20 € fir eng Lëtzebuergesch Band op den Dësch bliedere muss, zidders awer net mat der Wimper, fir dat zéngfacht fir déck Entertainmentsmaschinnen aus dem globale Showbusiness labber ze maachen. Well ech e Kulturmuffel sinn, a kaum eppes kucke ginn, hunn ech emol um Spaweck nogesicht, a séier gemierkt, dass de Präis fir dee sympathesche Monni aus England nach wäit ënnert de Spëtzepräisser fir Superstare läit, mat Rekorder bis zu 5.000 Dollar den Ticket.

Am internationale Geschäft hunn e puer Ticketsbedreiwer de Monopol an dreiwen d'Präisser an d'Luucht, mat Hëllef vun Algorithmen, déi de Präis sekonneschnell un d'Demande upassen, dat nennt een dann "dynamic pricing". An der kuerzer Zäit, wou s du op den Zougang fir d'Billeten waarts, rechent de Computer aus, wat en dir bei der aktueller Demande maximal aus der Täsch zéie kann. Et ass praktesch de Géigendeel vum Gesetz vun Offer an Nofro, hei heescht et: wat méi Nofro, wat méi deier. Des déck Boîtten an e puer Megastars profitéieren dovun.

De Rescht vun denge Liiblingskënschtler kann net mathalen a gëtt fir de Business ëmmer manner interessant. Si hunn et ëmmer méi schwéier iwwerhaapt iwwert d'Ronnen ze kommen, grad a Krisenzäiten.Den Zougang zu Konscht a Kultur gehéiert awer zu de Mënscherechter. Dofir ass et och normal, dass de Staat an deem Beräich ënnerstëtzt. Hie mécht dat net, fir Kënschtler kënschtlech um Liewen ze halen, mee virun allem fir dech. Wann s du nämlech de volle Präis fir, soe mer mol, en Theaterstéck bezuele misst, géif et mat 20 € net duergoen. Wann den Theater, d'Kënschtler an all aner Acteuren aus der Kulturzeen net vum Staat ënnerstëtzt wären, misst de warscheinlech tëscht 500 an 1.000 € fir eng Plaz bezuelen.

Op där enger Säit hu mer also déi déck bezuelte Megastaren an de ganze Business ronderëm, op där anerer déi Kultur, déi just nach mat Hëllef vum Staat iwwerliewe kann.

Dertëscht gëtt et ëmmer manner, dobäi wär grad dat de Raum, wou sech de wichtegsten Deel vun der Konscht ofspillt: éierlech Kulturhandwierker, déi relevant Aarbecht fir dech an dengem Ëmfeld maachen, an dofir vun dir esou ënnerstëtzt ginn, dass se dovunner liewe kënnen. An Zukunft misste Politik, Kënschtler a Kulturbusiness gemeinsam mat dir beschwätzen, wéi mer op e Gläichgewiicht komme kënnen, wou net dat Deiert, mee dat Wäertvollt, seng néideg Plaz erëmkritt. Bis dohinner roden ech dir, léiwe Publikum, géi déi lokal a regional kënschtleresch Produktioune kucken: éischtens schwätze si dir aus dem Häerz, am zweetens bezils du souwisou de gréissten Deel mat.