An de leschte Joren huet ons Bevëlkerung sech staark diversifiéiert. Dat wäert sech dann och an nächste Gemengeréit erëm spigelen. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.

Am Juni bestëmme mer ons 1.121 Gemengeconseilleren. A säit d’Gemengewalgesetz geännert huet, kann jo elo all Bierger, ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger mat wielen goen. Natierlech muss den Net-Lëtzebuerger dofir sech an d’Waleschte androen, an dat virum 17 Abrëll vir dëst Joer matzestëmmen. Mee et geet jo net nëmmen em dat aktiv Walrecht mee och em dat passiv, dat heescht dass och all Mënsch kann Kandidat sinn an dann och eventuell gewielt ginn. Wann mer wëssen dass bei onsen Gemengen den Taux vun den Net-Lëtzebuerger tëschent 20 an 70 Prozent léit, dann kann een sech erwaarden, dass och ons Gemengeréit an Zukunft méi divers ginn. Vir en Deel vun den Net-Lëtzebuerger stellt sech awer domadder d’Fro vun der Sproochekompetenz wann en sech als Kandidat op stellt, an dann och nach gewielt gëtt. Mir haten dësen Probleem schonns vereenzelt wärend där leschter Legislatur, an dat wäert sech duerch ons demographesch Situatioun, dann och an Zukunft, ëmmer méi oft stellen.

Sproochegesetz vun 84 seet dass Lëtzebuergesch ons Nationalsprooch ass, Franséisch di Legislativ, an Däitsch-Franséisch-Lëtzebuergesch di administrativ. Am Gemengegesetz vun 88 soen mer dass d’Lëtzebuerger Sprooch di usuell Sprooch am Gemengerot ass, et kann een awer och, sech ob Franséisch an Däitsch ausdrécken. Dokumenter kenne an enger vun deenen dréi Sproochen virleien. D’Conseilleren hunn awer keen Usproch ob eng Iwwersetzung.

Vir kennen zu 100% am Gemengerot matzeschaffen, muss en also net nëmmen Lëtzebuergesch kennen, mee di 3 Sproochen. Den Problem stellt sech also net nëmmen bei engem Francophonen deen net gutt Lëtzebuergesch kann, vir ze verstoen wat seng Kolleegen soen, mee och vir en Däitschsproochegen deen eventuell den Probleem huet vir Dokumenter ob Franséisch ze liesen.  Also en ganz komplex Situatioun wou mer mussen doriwwer nodenken wei mer deenen Leit, di jo en demokratesch legitiméiert Mandat kruten, kennen ënnerstëtzen hir Aufgab ze erfëllen.

Alles ob méi Sproochen ze maachen, also mat Iwwersetzungen ze schaffen, ass quasi onméiglech, an mécht och Zesummeschaffen an engem Gemengerot enorm schwiereg.

Mäin Usaz wär en aneren : mir sollten massiv investéieren an di Persounen di gewielt sinn. Si sollen di néideg Ënnerstëtzung kréien vir hir Sproochkompetenzen esou ze erweideren dass si no enger gewëssener Zäit kennen autonom sinn. Konkret : en Sprochecoach vir dat éischt Joer, Sproochecoursen sou laang wie néideg, an dann och en zousätzlechen congé politique vir ze leieren. Dëst kennt an engem Gesetz festgeluecht ginn, wat all Fäll vun esou „besoins spécifiques" am Exercice vun engem politeschen Mandat géif ëmfaassen. Do kéinten och Mesuren dran kommen vir Mandatsträger mat Handicap, wie zum Beispill spezifesch Mesuren vir eng Persoun di Gebäerdesprooch bräicht, oder Hëllefsmëttel vir Leit di net gutt genuch gesinn, oder aner Adaptatiounen an Accompagnementer di néideg sinn. Dat soll dann och vum der Allgemengheet finanzéiert ginn, am Sënn vun eng inklusiver an integrativer Gesellschaft,  déi sech bewosst ass dass eng richteg Demokratie sech d’Moyen muss ginn, dass jiddereen an onser Gesellschaft seng politesch Rechter kann wouer huelen.