Haut kënnt d’Magali Paulus op den 8. Mäerz zeréck, de Weltfraendag.

Haut kënnt d’Magali Paulus op den 8. Mäerz zeréck, de Weltfraendag. Si seet, et misst en net nëmme solidaresch si mat de Fraen am Afghanistan an am Iran, mee och iwwerall, do wou Mënsche wéinst hirem Geschlecht, hirer sexueller Orientatioun, hiren Originnen, hirer Hautfaarf an hirer Meenung diskriminéiert ginn. Si schafft fir de CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Den 8. Mäerz war Weltfraendag. Ech wëll dervu profitéieren, fir op d’Reaktioune vu verschidde Politikerinnen zeréck ze kommen. Eng Ministerin huet sech ëffentlech den Dag geäussert dass si « kee Besoin » huet, « den internationale Fraendag ze feieren » a sech freet, « wiem et hëlleft, wann ee mat Frëndinnen duerch d’Strooss zitt a sech gutt amuséiert? ». Laut hir hëlleft et op kee Fall « mat Frëndinnen op e « Streik » » ze goen. Si seet awer och, dass mer eise Mammen a Groussmammen eis Fräiheet an eise fräie Choix ze verdanken hunn an hinne Merci soe sollen. Si sinn op d’Strooss gaange, fir dass mir haut hei sinn. Si hunn och gestreikt a wa mer ronderëm eis kucken, geet et net duer, hinnen dofir Merci ze soen, mee mir musse weider kämpfen, well keen haart erkämpfte Recht a Choix ass jeemools acquis. Dofir geet et eben drëm, sech bemierkbar ze maachen, ze streiken, ze jäizen, ze sangen an d’Strooss ze goen a weider Rechter ze fuerderen, well eis Groussmammen a Mammen hunn net alles erreecht. An d’Strooss gi mir net, fir eis mat Frëndinnen z’ameséieren.

Och wann déi Ministerin ni op Grond vun hirem Geschlecht diskriminéiert gouf, geet et net all Fra hei am Land esou. Och hei ginn et Feminiziden, déi weder am Gesetz definéiert sinn, nach dokumentéiert, nach gezielt ginn. Och hei am Land ginn et Fraen, ënnert anerem Fraen ouni Pabeieren, raciséiert Fraen, Transfraen, lesbesch Fraen an nonbinär Mënschen, déi diskriminéiert ginn an net déi nämmlecht Reschter hunn, wéi lëtzebuergesch wäiss gutt eduquéiert Fraen wéi d’Ministerin an ech. Mat eise Privileegie komme Responsabilitéiten, d.h. eis, fir diskriminéiert Mënschen anzesetzen a solidaresch ze sinn, ob hei, am Iran, am Afghanistan, am Mali oder am Guatemala.

Mee dat ass net déi eenzeg Inkoherenz, déi mer opgefall ass. Bei deenen 1.100 Leit op der Marche féministe waren nämlech och Ministerinnen. D’Revendicatioun vun dësem Joer sinn ëm d’Recht op Wunnen, e Liewen ouni Gewalt, gerecht Aarbechtskonditiounen an eng gerecht Opdeelung vun der professioneller Aarbecht an der Care-Aarbecht gaangen. Wann ech also Ministerinnen op enger Marche gesinn, froen ech mech: hutt dir d’Gefill, dass dir iech mat ärer Charge a Responsabilitéit genuch asetzt fir déi Revendicatiounen?

Kënne mir eis ënner Frae kritiséieren oder solle mer ëmmer enger Meenung sinn? D’Patriarchat ass frou, wann et ka soen, dass Frae selwer ënnereneen net eens ginn an et brauch Fraen, déi sech fir de Status quo asetzen. Feminismus ass näischt Schlëmmes, et bréngt keen em, am Géigendeel vum Sexismus. Dofir dierft de Choix net schwéier falen, weder Fraen, nach Männer, nach all den aneren.