Onse Wuelstand ass keng Selbstverständlechkeet

Dofir ass et héich Zäit, de Standuert Lëtzebuerg fit ze maachen fir d'Zukunft, eng grouss Erausfuerderung fir d'Politik an d'Betriber.
Säit 3 Joer befanne mir ons am Krisen-Modus. Pandemie, Inflatioun, Krich an Europa maachen der Gesellschaft an der Wirtschaft schwéier ze schafen. An d'Zukunftsperspektiven a verschiddenen Secteuren, wéi zum Beispill am Bau, Handwierk sinn net roseg. Mais d’Betriber loosse sech net esou séier ënnerkréien. Si fueren zweegleiseg: Krisebewältegung op der enger Séit a strategesch Zukunftsorientéierung op der anerer. An genau esou eng Approche erwaarden d’Betriber sech och vun der Politik.
Wéinst de verschiddene Krisen war d’Regierung oft gezwongen, schnell an “à court terme” Moossnamen ze huelen, eleng oder mat de Sozialpartner. No an no weist sech awer, datt et der Politik un Entrepreneursgeescht gefeelt huet, fir parallel zum Krisemanagement de Standuert Lëtzebuerg laangfristeg ofzesécheren.
Dat ass problematesch, well spéitstens d’Pandemie an den Krich ons gewisen hunn, datt den Erfolleg vum Modell Lëtzebuerg keng Selbstverständlechkeet méi ass.
Dës Realitéit schéint leider nach net iwwerall ukomm ze sinn. Ech hunn d’Gefill, dass Deeler vun der Gesellschaft nach ëmmer der Meenung ass, et wier alles am gréngen Beräich an de Staat wier do, fir iwwerall anzesprange vun den sëllege Gratis Servicer emol guer net ze schwätzen. Jiddereen ass frou gehollef ze kréien an den Staat gëtt zum Universal-Super-Held.
Et gëtt allerdéngs wéineg thematiséiert, wou d‘Suen hierkommen. Fakt ass awer, datt nëmmen e Staat, deen eng staark Wirtschaft huet, och e staarke Sozialsystem ka finanzéieren an net ëmgedréit.
D'Politik muss sech beweegen. Dat setzt allerdéngs viraus, datt Deeler vun der Politik a vun de Gewerkschaften sech erëm fir déi wirtschaftlech a finanziell Fundamenter vun onser Wirtschaft interesséieren. Leider keng Selbstverständlechkeet. D ’Aufgab vun der Politik ass et strategesch a laangfristeg ze denken an en attraktiven Kader ze fixéieren, deen d’Wirtschaft stäerkt.
Mir brauchen weiderhin Talenter aus dem Ausland, eng flexibel Aarbechtszäitorganisatioun an eng Landesplanung a virop eng Logement Politik, déi hiren Numm verdéngt. Eng kompetitiv Finanzplaz bleift wichteg. Donieft ass Diversifizéierung vun onser Wirtschaft e “Must”. Industriepolitik setzt awer viraus, datt de Staat kloer an transparent Reegelen definéiert, wat no Fage, Knauf an viraussiichtlech Google zu Biissen nach ëmmer net den Fall ass. Firwat? Generell brauche mir manner Bürokratie, méi schnell Prozeduren an d’Iwwerwannung vum administrativen Silodenken, fir datt d’Betriber ootmen a schaffen kënnen.
En attraktive Standuert brauch och eng attraktiv Steierpolitik an eng Moderniséierung vum Indexsystem. Déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem an eng sozial Selektivitéit si schonns laang iwwerfälleg.
D’Erausfuerderunge fir Parteien, déi sech bei de Walen dem Bierger stellen, sinn also grouss. Realismus, Kompetenz a politesche Courage sinn do gefrot. Well weiderfueren wéi bis elo bedeit “à terme” d ’Enn vun der Wuelstandsoase Lëtzebuerg.