Ouschterklacken

D’Kiercheklacke sinn haut op Karfreideg, bis muer Karsamschdeg verstommt a lauden net. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
Vu gëscht Gréngendonneschdeg bis muer Karsamschdeg, also déi dräi Kardeeg, leeën d‘Klacken no alem Brauch, als Zeeche vun Trauer iwwer den Dout vu Christus, eng Paus an. T'Kanner gi klibberen an ersetzen si; si soen an enger sympathescher Tournure, d'Klacke wieren op Roum fir hir Ouschterbeicht ofzeleeën. Mä mat dem Gesank vum Gloria an der Feier vun der Ouschternuecht wäert hire festleche Klang erëm nei asetzen. Da verkënnegen si d’Opersteeung iwwer Bierg an Dall. Ni lauden d‘Klacken esou feierlech wéi op Ouschterdag.
Si droen den Ouschtermessage an d’Welt eraus, en dréngt an d’Oueren vun deenen, déi gleewen oder net gleewen. D‘Klacke schwätzen an hirer Sprooch vun der Hoffnung, déi duerch d’Opersteeung vum Jesus wëllt vermëttelt ginn. Si sinn och haut, wéi am Mëttelalter, Massemedien, déi eng jeenseiteg Botschaft eran an dës Welt proklaméieren.
Si sinn et, déi jee nodeem de Kaméidi vum Alldag duerchbriechen an iwwerbidden. D'Klacke riichten eist Ouer op dat, wat iwwer dës Welt erausgeet. Jo, si sinn oft dat Eenzegt, dat déijéineg, déi net méi reliéis agestallt sinn, nach un eppes Transzendentes erënnert.
Mir sinn an enger Zäit an an engem Land, wou fir Euthanasie ëffentlech Reklamm gemaach gëtt an den zivilisatoresche Progrès, wéi et schéngt, festgemaach gëtt un enger méiglechst héijer Zuel vun Euthanasieduerchféierungen, d. h. vu Leit, déi sech selwer mat Hëllef vun aneren den Dout ginn. Parconter verkënnegen d'Ouschterklacken – esou wéi d’Ouschterfest selwer – d’Liewen, an de Goût um Liewen!
Goût um Liewen, fir äis zu neiem Optimismus, zu neiem Mutt an Elan ze ermonteren! Als Gleeweg um Operstanenen selwer Feier ze fänken a sech ustiechen ze loosse vu sengem neie Liewen, dat fërmlech wéi aus dem Graf explodéiert – esou wéi d'Fréijoer, dat iwwerall ausschléit an duerchbrécht, a kee kann et méi stoppen.
Well dat ass den zentrale Message vun Ouschteren: Freed a Goût um Liewen! Fir eng Kultur vum Liewen, an net vum Dout!