Trotz Aarbecht op der Strooss

© RTL-Grafik
Mënschen déi trotz Aarbecht op der Strooss liewen. Eng verstoppten Realitéit och hei zu Lëtzebuerg. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Letzebuerg.
Virun engem gudde Joer koum de José, 24 Joer, aus Portugal op Lëtzebuerg. Hie liwwert zënterhier Iesse fir eng sougenannte Plattform Firma. Hei ass hie weder e Salarié, nach en klasseschen Independant. Bezuelt gëtt hie pro Liwwerung. Hie schafft esou vill Schichte wéi hie ka kréien an erreecht trotzdeem seelen de Mindestloun. Hie benotzt säin eegenen Auto an Handy. All Käschten heivir dréit hie selwer. Ouni fixt Akommes fënnt hie keng Wunneng. Ouni Adress huet hie keen Urecht op Hëllefen. Hie schléift am Auto a wa schéi Wieder ass dobaussen. Wann et richteg kal gëtt och mol an der Wanteraktioun.
De José ass keen Eenzelfall. Zuele ginn et keng. E Bléck bei eise Noper weist awer eng generell Tendenz. An Däitschland sinn haut duebel esou vill Leit trotz Aarbecht op der Strooss wéi nach 2009.
Zu Lëtzebuerg sinn 13,5% vun de schaffende Residenten sougenannte working poor. Do si mir Nummer 1 an der Eurozon! Virun allem Betraff: Mënschen déi Deelzäit schaffen, Aléngerzéier, Net-Lëtzebuerger a Jonker vun 18 bis 25 Joer. Besonnesch vulnerabel sinn awer och Mënschen déi bei Plattform Firmen schaffen. Wéi de José. Dat sinn mëttlerweil iwwert 2000 Mënschen. Déi meescht liwweren Iessen aus. Plattform Firmen sinn e Produkt vum digitale Kapitalismus. Hei gëtt vun enger Schäin Selbststännegkeet vu Mënschen ouni Aarbechtskontrakt profitéiert. E Gesetz fir des Aktivitéit ze encadréieren gëtt et keen. Dat mécht Diere grouss op fir Abu'en an Ausbeutung! Ouni festen Aarbechtskontrakt ass et schwéier en Dag iwwert dem Kapp ze fannen. Mënschen a grousser Prekaritéit bleift heiansdo, trotz Aarbecht, näischt aneschtes iwwereg wéi en illegaalt oder iwwerdeiert Kaffi Zëmmer. Mä och déi sinn ëmmer méi schwéier ze fannen. De Grond : eng ze vill héich Nofro. Ouni Daach iwwert dem Kapp, keng Adress. Ouni Adress, keng Sozial a Finanziell Hëllefen. En Däiwelskrees.
Zu Lëtzebuerg ass Aarbecht keng Garantie méi fir der Aarmut ze entkommen. Besonnesch a Krisenzäiten muss de gesetzleche Kader gestäerkt ginn fir Abuen ze vermeiden. Plattform Aarbecht muss reguléiert ginn. Jiddereen an eisem Land dee schaffe geet muss kennen en dezent liewe féieren. An dozou gehéiert en Dach iwwert dem Kapp. D'Politik muss heivir de Kader setzen.
Wa mir eng méi gerecht Gesellschaft wëllen da muss Aarmut a seng verschidde Facetten och Thema beim Walkampf ginn!