Frou, en - nach jonken - ale wäisse Mann ze sinn...

A senger "Carte Blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d'Aart a Weis, wéi an der ëffentlecher Debatt mat wichtege Sujeten ëmgaange gëtt. An hien ass frou, en - nach jonken - ale wäisse Mann ze sinn.
Superwaljore sinn normalerweis och Jore vun engagéierten Debatten an der Ëffentlechkeet. Munchmol geet et dobäi ëm grouss Theme vun nationaler Bedeitung, awer dacks och ëm méi regional oder lokal Sujeten, déi net onwichteg sinn, allerdéngs manner groussen Impakt op Land a Leit hunn. Ee vun deene lokalen Themen, ass d’Diskussioun ronderëm de Verbuet fir op bestëmmte Plazen an der Haaptstad ze heeschen. Ech soen et ausdrécklech a gläich am Ufank: Et ass keen onwichtegt Thema! An déi Leit, ëm déi et geet, sinn an däerfen der Gesellschaft net egal sinn.
Wat mech awer stéiert un der ganzer Debatt, dat ass de Versuch, aus verantwortleche Gemengepolitiker quasi häerzlos Gesellen ze maachen, déi Leit an Nout muttwëlleg stigmatiséieren a péngege wëllen.
Wann een e bëssen an d’Archive wulle geet, gesäit een, datt zanter Joerzéngte probéiert gëtt, e Problem ze léisen an elo un enger weiderer Schrauf gedréit gëtt - net méi, an net manner. Mat dem Zil, kriminell a mënscheveruechtende Banden hoffentlech hiert Handwierk ze leeën.
Nujee! Et ass natierlech einfach an dëser Debatt ze splécken, Schwaarz-a-Wäiss-Molerei ze bedreiwen an d’Politiker an zwou Kategorien anzedeelen: d’Law-and-Order-Leit ouni Häerz op der enger an déi gutt Mënsche mat hiren opgekläerte Positiounen op der anerer Säit.
Wat en Aarmut.
Mee an dëser Welt liewe mer. Et kënnt mer heiansdo bal esou vir, ewéi wann een, wann ee wëllt gehéiert an akzeptéiert ginn, déi Mainstream-Messagë muss widderhuelen, déi engem all Dag opgedëscht ginn. Esouguer kritesch hannerfroen ass net erwënscht, wann een net am Trend vun der eenzeg richteger Meenung läit.
Dann ass een – en ale wäisse Mann, oder iergend eppes an där Richtung.
An deem Kontext sinn ech perséinlech frou, datt vill al wäiss Männer an al wäiss Fraen et fäerdeg bruecht hunn, hir Erfarung an deene verschiddensten Domainer fir de Fortschrëtt vun der Mënschheet positiv anzebréngen.
Ech hu léiwer Leit, déi eppes beweegen, sech engagéieren an upaken, ewéi déi, déi sech, fir e Beispill ze huelen, op de Buedem pechen, wann eppes hinnen net geet.
Ech freeë mech elo schonn op Kommentaren iwwer dës Zeile vun engem net esou ale wäisse Mann, deen awer houfreg ass, zu dëser Kategorie gezielt ze ginn.
Weisheit, Macht und Wissen haben ein Geheimnis. Es ist Demut.
Ernest Hemingway