Sief et an der Schoul oder op der Uni: d’KI ChatGPT stellt Schoulen an Universitéiten virun d'Fro, wat an Zukunft nach relevant Kompetenze sinn a wéi eng net, seet de Marc Schiltz, Chef vum Fonds National de la Recherche a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

Déi meescht vun ons hunn net gären Hausaufgaben gemaach - schlecht Erënnerungen. Mä haut gëtt et jo ChatGPT, dat ass deen Chat-Bot, deen eng kënschtlech Intelligenz agebaut huet an deen engem erstaunlech sënnvoll a gutt geschriwwen Äntwerte gëtt, zu jiddwer méiglechem Thema. Mä nach vill méi: ChatGPT huet d'Exame fir den MBA vun enger renomméierter amerikanescher Business-schoul gepackt; d'selwecht fir Universitéits-Examen am Droit . An ChatGPT huet och den offiziellen Exame gepackt, fir an Amerika kënnen als Dokter zougelooss ze ginn. Et ass also net verwonnerlech, dass am ganzen Educatiounssecteur d'Alarmluuchten u sinn. Wéi soll een domadder ëmgoen?

Déi éischt Reaktioun a ville Schoulen an Universitéiten ass, fir d'Benotzung vun ChatGPT ze verbidden. Duerfir ginn et elo och schonns Programmer, déi kënnen detektéieren, ob en Text vu kënschtlecher Intelligenz verfaasst gouf – oder jiddefalls gëtt dat esou behaapt vun deenen, déi se verkafen. Mä ass dat eng Léisung? Warscheinlech wäert d'KI ëmmer besser ginn an déi Detektiounsprogrammer ëmmer nees ëmgoen.

Eigentlech fuerdert d'KI eis eraus, fir komplett ze iwwerdenken, wat mer vu Schüler a Studenten iwwerhaapt verlaangen an den Aufgaben, Tester an Examen. Et gouf eng Zäit, do war d'Orthographie den Alpha an Omega vum Sproochunterrecht an d'Dictée war souzesoen d'Kinneksépreuve. Mä Hand op d'Häerz: wie vun ons benotzt dann haut net déi automatesch Vérificateurs d'Orthographe, déi et an alle Systemer gëtt ? A wie vun ons mécht dann eng Tafel-Rechnung wann am Restaurant 135,75€ mussen duerch 7 gedeelt ginn?

Déi Fro, wat fir e Wëssen a wat fir eng Kompetenzen am Zäitalter vu KI nach wichteg sinn an an de Schoulen an Universitéite solle geléiert ginn, ass net einfach ze beäntwerten. Mä et bréngt näischt, fir déi Technologie wëllen aus der Schoul ze verbannen. Déi Jonk hu se souwisou schonns total adoptéiert. Ënnerhalb vu just 4 Méint si vill vun hinne vum Google Search op den ChatGPT-Prompt ëmgeklommen. Einfach esou! An et ass ze erwaarden, dass se geschwënn esou gutt sinn am Handhabe vum Prompt, also dem Schreiwe vu Befeeler oder Froen un eng kënschtlech Intelligenz, wéi se et virdru ware bei der Formulatioun vu Searches op Google.

Fir dass ech elo net falsch verstane ginn: KI bréngt och ganz vill Risiken an ethesch Froen – et ass bei wäitem net alles roseg. A grad dowéinst solle mer déi Technologie, richteg encadréiert, an de Schoulen an Universitéiten erabréngen. Fir dass d'Studente léieren, kritesch dermadder ëmzegoen, erauszefanne wou et eng reell Hëllef ass an awer och wou d'Risiken an d'Limite sinn.