Keep up with the Joneses !

D’Inegalitéiten zu Lëtzebuerg sinn an deene leschte Joren an Joerzéngte staark geklommen. Dat muss net an dat dierf och net sou weidergoen. Mee et brauch een de politesche Wëllen, fir dogéint virzegoen. Méiglech Moossname ginn et genuch, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
Keep up with the Joneses soe se op Englesch, fir kloer ze maachen, dass d’Leit sech ëmmer gäre mat hiren Nopere vergläichen, an insgesamt mat hire Matbierger.
Et ass wichteg fir hier Zefriddenheet, mee och fir de sozialen Zesummenhalt allgemeng, dass d’Leit net den Uschloss verléieren.
Leider stelle mer fest dass dat zu Lëtzebuerg awer ëmmer méi de Fall ass an dass ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
Dat geséit een ënnert anerem un den Indicateuren déi d’Inegalitéite moossen. Déi klammen zu Lëtzebuerg zënter 10-20 Joer, an zwar massiv. A mat am meeschten am europäesche Verglach.
Wa Lëtzebuerg sech fréier a punkto Inegalitéite mat deene skandinavesche Länner konnt vergläichen, also relativ egalitär war, si mer lo nach héchstens europäeschen Duerchschnëtt a stramm a Richtung anglosächseg Länner ënnerwee.
Mee et kéint een awer eppes géint sou eng Entwécklung maachen. D’Chambre des salariés fuerdert zënter Joren e Plang mat konkrete Moossnamen an huet och selwer eng Rei Fuerderungen opgestallt déi missten ëmgesat ginn. Leider bis lo ëmsoss.
Dobäi stelle mer fest dass d’Effikassitéit vun de Sozialtransfert’en fir den Aarmutsrisiko erofzesetze staark gefall ass.
D’OCDE huet de Verglach gemaach tëschent 16 europäesche Länner : do ass Lëtzebuerg dat Land wat duerch Sozialtransfert’en a Steieren d’Inegalitéiten am zweetmannste reduzéiert.
A wann een net nëmmen d’Akommes kuckt, mee och nach de Patrimoine, also Immobilien an Aktien oder aner Actifs financiers, dann ass Lëtzebuerg och do dat Land wat d’Inégalitéite just am zweetmannste reduzéiert.
Dat ass och kee Wonner, vu que dass de Besetz an d’Ierfschaften, zu Lëtzebuerg praktesch guer net besteiert ginn. Och di héich Akommes sinn zu Lëtzebuerg net staark besteiert, a Kapitalerträg scho mol guer net.
Do ass also vill Sputt no uewen an et kéint ee ganz gezielt virgoen. Well sozial Kohesioun muss een iwwer zwee Wee’er hierstellen : éischtens duerch méi Sozialtransfert’en a steierlech Erliichterunge fir di niddreg an di mëttel Verdénger.
An zweetens doduerch dass ee Räichtum an héich Revenu’en méi besteiert.
Aner Moossnamen déi ee misst huele fir géint d’Inegalitéiten virzegoen sinn zum Beispill eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun oder eng Stäerkung vum Kollektivvertragsgesetz. Dat wier em sou méi wichteg wann ee weess, dass Lëtzebuerg an der EU den zweethéchsten Taux huet béi den Working poor.
Eng europäesch Directive gesäit d’ailleurs souwisou vir dass zu Lëtzebuerg d’Couverture duerch Kollektivverträg muss massiv eropgoen.
An et steet och am Koalitiounsprogramm vun der aktueller Regierung dass d’Kollektivvertragsgesetz soll verbessert ginn.
Et gëtt sou lues Zäit.
Wat ee méi laang waart, wat et ëmmer méi schwiereg gëtt fir di negativ Entwécklungen an de Grëff ze kréien !