Et gëtt vill iwwert d’Qualitéit an der Bildung geschwat. Mee wat fir eng Inhalter soll d’Schoul haut nach vermëttelen? Missten d’Léierpläng net vill méi an de Vierdergrond vun den Iwwerleeungen trieden? Där Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte blanche no.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

D’Informatioun ass haut iwwerall an direkt ofruffbar, déi richteg an déi falsch. Dofir geet am Moment bei Léierprozesser vill vun de K-Kompetenze Rieds, kritesch denken, kollaborativ schaffen, kommunizéiere kënnen, kreativ sinn.

Awer wéi ass et mat dem Contenu, de Léierpläng an eise Schoulen? Gi si, mat hiren Zieler an Inhalter genuch gefleegt a reegelméisseg op hire Sënn an hir Koherenz gepréift?

Bildungsqualitéit favoriséiert een nun emol duerch ee Kontext dee fir de Jonke Sënn mécht. Dat seet d’Recherche. Mee wéi ass d’Realitéit?

Ech hu mir déi aktuell Léierpläng ugekuckt a net schlecht gestaunt, dass eng Gesamtvisioun, iwwert d’Fächer eraus, nach ëmmer total feelt!

Elo kéint ech hei x Beispiller nennen. Hei sief nëmmen eent eraus gegraff: An deem selwechte Joergank, der Quatrième, gëtt am Franséischen eng Initiatioun an d’Literaturgeschicht mat Hëllef vum Mëttelalter gemaach, am Däitschen geet et vum Mëttelalter bis d’Opklärung, an der Geschicht ass et de Siècle des Lumières an déi franséisch Revolutioun, am Engleschen déi haiteg Welt, an der Konscht geet et vu Barock, Klassizismus, Romantik, Realismus, bis zum Impressionismus. Dat alles fir dee selwechte 16-järegen!

An der Physik gi Konzepter wéi Vitesse an Acceleratioun op Troisième gebraucht, de Begrëff op dee sech alles stäipt awer eréischt an der Mathé op 2e ageféiert. Déi Diskrepanz do besteet elo schonn iwwer 40 Joer!

Fachdidaktesch Iwwerleeungen maache natierlech Sënn, mee si gi net duer: et feelt eng Synthees vum Ganzen.

Wär et net ubruecht sech op eng gemeinsam Approche pro Joergangsstuf ze eenegen, an eng gewëss Epoche aus dem Bléckpunkt vun historeschen a gesellschaftlechen Evenementer, Literatur, Konscht, Architektur, Wëssenschaften ze beliichten?

Dëst Thema vu nohaltegem Léieren geet wäit iwwert d’Initiativen eraus déi Schoulen entwéckele kënnen. Zentral ass et déi Inhalter a Konzepter festzeleeën, déi et dem Jonken haut erlaben sech e Wëssen opzebauen, wat am Alldag d’Strooss hält. Deen Debat vermëssen ech national, awer och europäesch. Grad haut op den Dag, 74 Joer nom 5. Mee 1949, wou de Conseil de l’Europe an d’Liewe geruff ginn ass. Hien ëmfaasst 46 Staaten an ee vu sengen Haaptziler ass et Äntwerten op gesellschaftlech Erausfuerderungen ze sichen, ze negociéieren, ze koordinéieren. Dee Conseil huet ee Service de l’éducation an eng Division des politiques éducatives, mee iwwert Publikatiounen zu Ënnerthemen geet säin Aktiounsradius net eraus.

Wéi schued!