Vun der Mëttelméissegkeet

Mëttelméissegkeet - eng Lëtzebuerger Kultur mat Traditioun – oder wéi de Versuch eis Jugend perfekt auszebilden oft nëmme Mediokritéit ervirbréngt. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Am Douglas Adams sengem Hitchhiker's Guide to the Galaxy gëtt eise Planéit vum ausserierdesche Protagonist, als "gréisstendeels harmlos" (mostly harmless) agestuuft. Hätt dëse Scout vum intergalaktesche 'Guide du routard' awer de Wee bis op Lëtzebuerg fonnt, hätt e festgestallt: déi sinn net nëmme gréisstendeels harmlos mä och nach immens mëttelméisseg. Riets geet vun eiser Schoul, oder vill méi der Selektioun an dem System, also der Fro: wéi kënnt een zu engem Diplom?
Fir der Demande vun Ekonomie a Gesellschaft no exzellent ausgebilten, polyvalenten an polyglotte jonke Mënsche gerecht ze ginn, huet d'Schoul sech e Modell ginn: wien net an eng ëffentlech, europäesch Schoul geet, dee mécht am beschten alles, fir duerno och iwwerall gutt ze sinn. Mam Resultat: wat bei deene fonctionéiert déi souwisou scho gutt sinn – also déi 'staark Kanner' déi Schoul eigentlech guer net brauchen – féiert bei deenen aneren zu enger Strategie a Kultur vun der Mëttelméissegkeet: Haaptsaach et geet iwwerall, also an all Fach duer. Wiem dat geléngt, also an all Fach mëttelméisseg ze sinn, deen erfëllt de socle de compétence, huet also 30 där aler Punkten a kënnt weider oder duerch, wéi et deemools geheescht huet. Wien awer elo beispillsweis nëmmen an 3 Fächer exzellent ass an déi Aner beim beschte Wëllen näischt fir hie sinn, deen trëtt eng Rees un, déi et exklusiv bal nëmmen nach zu Lëtzebuerg gëtt. Dës geet vun engem ordre d'enseignement an den aneren: vum Classique an de Générale, duerno vum Professionell an de Preparatoire. Wien all dës échecs scolaires net verdréit, deem bleift als lescht Méiglechkeet den décrochage scolaire. E Wee, deen ëmmerhin all Joer am Schnëtt 8 Prozent vun de Schüler ginn.
Egal op échec oder décrochage scolaire: dëse Wee féiert ëmmer zum selwechten Endresultat: Jugendlecher ouni Qualifikatioun, ouni Ofschloss, also ouni Diplom. Dat ass scho bal e Paradox: op der Sich no exzellenter Manpower diploméiert Lëtzebuerg déijéineg, déi a villem nëmmen duerchschnëttlech sinn an eliminéiert déi Leit, déi zwar munches richteg gutt maachen, awer leider net genuch.
Am Ausland ass dat natierlech scho laang anescht. Am Schnëtt ginn zum Schluss 3 Fächer duer fir en Diplom ze kréien. Bei eis sinn et der an der Moyenne 10 plus 3 Oralen. Wärend déi aner duerno hir Exzellenz verdéiwen – mat oder ouni Studium – weess de jonke Mënsch heiheem oft guer net wou seng Talenter da schlussendlech leien. Dat ass och d'Resultat vun enger Evaluatioun déi de Bléck op dat priméiert wat falsch ass, also déi sougenannt "negativ Feelerkultur". Déi eng erfannen duerno vläicht eng i-Technologie, wärend eis oft "i-mmens" an "i-werdriwe" mëttelméisseg bleiwen.
Sou ginn an enger Woch eis Primaner nach emol no deene Modalitéite gepréift, wéi et schonn deelweis bei eise Grousselteren Usus war.
Politik ass gefuerdert, oder wéi de Gorbatschow et an de Mond geluecht krut: wien ze spéit kënnt, dee bestrooft d'Liewen. Dat gëllt och fir e Schoulsystem, woubäi hei d'Konsequenzen eréischt déi zukünfteg Generatiounen treffen an d'Fro sech stellt: wou sinn déi politesch a gesellschaftlech Responsabel, déi sech haut ëm d'Zukunft vun anere këmmeren, wann et dach sou einfach ass, just u sech selwer ze denken?