Mir liewen an enger Zéit, wou versicht gëtt de Sozialdialog prioritär ze féieren. Den Hannergrond ass kloer! De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, de Klimawandel a seng Erausfuerderungen, Flüchtlingskris, ëmmer méi Onsécherheet op der ganzer Welt. D’Inflatioun an dat deiert Liewen. Awer och onzählech Streikbeweegungen an eisen Nopeschlänner fir dem Bierger an dem Aarbechter seng Rechter duerchzesetzen. A mir heiheem? Mir schwätzen iwwert Aarbechtszäitverkierzung! Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.

Carte Blanche vum Robert Weber

Enn 2021 huet de Georges Engel vun der LSAP am Lëtzebuerger Wort en Artikel iwwer Aarbechtszäitverkierzung geschriwwen. An dem Artikel ass dat Wuert "Kollektivverträg" net eng Kéier benotzt ginn. Duerno ass de Georges Engel Aarbechtsminister ginn. Hien huet direkt eng Etüd iwwert Aarbechtszäitverkierzung bei sougenannten Experten an Optrag ginn. Enn Abrëll '23 war de Georges Engel am Background bei RTL. Hien huet hei och iwwert Aarbechtszäitverkierzung geschwat. Dat Thema "Kollektivverträg" war erëm keen Thema! Awer, den Aarbechtsminister huet  seng Iddien iwwert "Aarbechtszäitverkierzung" relativ konfus duergeluecht.

Bis dohin haten d’Gewerkschaften di Thematik "Aarbechtszäitverkierzung" net ervirbruecht. Op dem Hannergrond vun der Situatioun op der Welt an speziell an Europa war dat keng Prioritéit.

Et war och keng Prioritéit, wéi dem Aarbechtsminister seng Gewerkschaft him viru Méint de Reproche vu Reformstau gemaach huet.

Zanter Jore waarden d’Gewerkschaften op Reformen am Aarbechtsrecht, déi de Sozialdialog festegen a stäerke géifen. D’Kollektivvertragsgesetz brauch eng Partie Upassungen. D’Schlichtungsprozedur muss reforméiert ginn. De Sozialdialog an de Betriber muss weiderentwéckelt ginn. Gewerkschafte wëllen aus hirer Roll als Pompjee bei Entloossungen eraus an Entloossungen preventiv verhënneren. De „Maintien dans l’Emploi“ muss gesetzlech gereegelt ginn a villes méi.

De viregten Aarbechtsminister Dan Kersch steet jo op der lénkser Säit vun der LSAP. Ech hat mer wärend senger Mandatsperiod erwaart, hie géing d'Matbestëmmung an de Betriber weider dreiwen. Awer näischt ass geschitt. De Covid ass eng gutt Ausried fir alles ze entschëllegen. Zanter iwwert 10 Joer gëtt et Reformstau am Aarbechtsministère. Dat ass net gutt fir d’Aarbecht an de Betriber. Jo, am Ministère goufe Reforme gemaach, dat normaalt Geschäft. Wesentlech Akzenter an der Demokratiséierung vun der Wirtschaft gëtt et net!

Vläicht feelt et och un Iddien. Den Aarbechtsminister misst emol mat de Gewerkschaften den Dialog féieren.

Méi einfach ass et awer sech op Nieweschauplazen ze aktivéieren, wuel wëssend, dass een do eleng steet.

A jo, ech froe mech, wéi kann een eng Etüd maache loossen, ouni di richteg Spezialisten vu vireran mat anzebauen. D'Gewerkschaftssekretären an d’Personalcheffen an de Betriber verhandelen zanter méi wéi engem Joerzéngt an de Kollektivverträg Aarbechtszäitmodeller, dorënner och Aarbechtszäitverkierzung. D’Sozialpartner sollen och an der Zukunft hei eng prioritär Roll spillen. Fir aner Initiative gëtt d'Zäit da reif.

Loosst mer eis also de reelle Problemer vun haut stellen!