PIB = C + I + G + (X-M)

© RTL-Grafik
Am ëffentlechen Debat ronderëm d‘Klimapolitik héiert een desöfteren, dass ee Réckgang vum PIB et méi einfach géif maachen, fir ons Zieler z’erreechen.
A senger Carte Blanche vun haut werft de René Winkin ee Bléck an d'Economiesbuch, fir där Fro op de Grond ze goen.
De PIB entsprécht dem Konsum (C) plus den Investissementer (I) plus den ëffentlechen Ausgaben (G) plus den Exporter (X) minus d‘Importer (M).
Keng Angscht, dat do war déi eenzeg Formel, déi an dëser Carte blanche virkënnt. Ma si erlaabt et, ze préiwen, ob et wënschenswäert oder souguer méiglech ass, op Rezessioun oder Decroissance vum PIB ze setzen, fir ons Zäregasemissiounen bis 2050 géint Null ze fueren.
Der Regierung hiren Entworf vum iwwerschafften nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) definéiert den Aktiounsplang bis 2030. Den EU-Green Deal mécht dat selwecht op europäeschem Plang. Béid beschreiwen ee riesegen Investissementsprogramm fir déi kommend Joerzéngten. Den Ausbau vun den Erneierbaren, verstäerkt oder nei Infrastruktur fir d’Elektrifizéierung vu Produktioun, Mobilitéit oder Heizen, de Waasserstoff, nei Industrieprozesser, d’Renovatioun vun zegdausende Gebaier, dat gi hei Risenzommen.
An Europa gëtt eleng den Ausbau vum Nordséi Off-shore-Wand bis 2050 op 800 Milliarden Euro beziffert. An dobäi wäerten Energie-Importer, zB aus dem Mëttleren Osten, net verschwannen. Och do gi faraminéis Zommen an d’Produktioun vun CO2 fräien Energieträger investéiert.
Den I an onser PIB-Formel muss staark klammen an zwar weltwäit. Et ass politesch erwënscht, dass Technologien fir „net zero carbon“ hei an Europa an deels dann och zu Lëtzebuerg sollen entwéckelt an hiergestallt ginn. Europa soll sech allgemeng manner ofhängeg maache vun Technologie-Importer aus Drëttstaaten, soll souguer weltwäit Leader ginn oder bleiwen.
De Moment sinn Deeler vun der europäescher Industrie éischter geschwächt. Eng Re-Industrialiséierung, wa se da geléngt, géif positiv zu onser Handelsbilanz bäidroen, dat ass d’Komponent X-M (Export minus Import) vum PIB.
Bleiwen di lafend Ausgabe vun de Kollektivitéiten an de Konsum. Bei der Energietransitioun wäerte nei staatlech Interventiounen, och sozialer Natur, wuel net ausbleiwen.
Zanter de rezenten Tripartite-Accord’en wësse mir, wéi eng Envergure dës nei Interventioune kënne kréien. Do gouf et och eng breet politesch Majoritéit dofir, d'Kafkraaft vun de Leit auszebauen oder op d’mannst z’erhalen an dat bis a relativ héich Akommesschichte.
D’gesellschaftlech Akzeptanz fir déi gewalteg Transitioun ass ee kriddelege Sujet. Wa mir net wëllen, dass deen héije Konsum duerch bëlleg, well CO2-intensiv oder soss problematesch Importer ofgedeckt gëtt, da géif onse PIB och vum C gepuscht.
Dass erfollegräiche Klimaschutz a Wuesstem vum PIB kompatibel sinn a sech souguer géigesäiteg bedéngen, dat sollt engem keng zousätzlech Falen op d'Stier dreiwen, besonnesch wann ee bedenkt, dass et jo och nach aner PIB-lasteg Erausfuederunge ginn, wéi zum Beispill de Finanzement vun onsem Sozialsystem.