Déi meeschte Migranten, déi an eise Länner eng Aarbecht fonnt hunn, schécken da reegelméisseg Geld un hir Familljen.

Besonnesch wann dat an déi Drëtt Welt geet, entstinn doduercher ganz héich Onkäschten. An dëser Carte blanche gëtt gefuerdert, datt alles ënnerholl soll ginn, fir déi Käschten erof ze kréien, esou wéi de G20, de Grupp vun de räichste Länner dat verlaangt. Well all €, déi méi bei de Familljen ukënnt, vergréissert d'Chance, datt de Betraffenen hir Liewensbedingunge sech verbesseren.Leit, déi reegelméisseg Geld iwwerweisen, hu gemierkt, datt an de leschte Joer déi Iwwerweisunge vill méi schnell gemaach gi sinn. Wann dat an enger Bank ass, geschéien déi Iwwerweisungen an Echtzäit. Dat ass ee grousse Virdeel fir jiddereen, an dat besonnesch an Zäiten, wou de Client vun der Bank Zënsen op sengem Guthaben ka kréien.
Wann een allerdéngs Geld vu Bank zu Bank an d'Ausland iwwerweist, da fält op, datt déi Iwwerweisungen oft méi Zäit brauchen an dat besonnesch wann déi Iwwerweisungen an d'Drëtt Welt gemaach ginn.

Hei muss een dann un déi vill Migranten denken déi an den entwéckelte Länner schaffen an hire Familljen an den Entwécklungslänner, Mount fir Mount, Geld iwwerweise fir hire Liewensënnerhalt ze sécheren, fir hier Gesondheet ze suergen a virun allem fir d'Bildung vun de Kanner *). De G20, de Grupp vun de räichste Länner, schätzt de Montant vun all deenen Iwwerweisungen, op ronn 600 Milliarden Euro pro Joer. Do gëtt net Rechnung gedroe vun deene Montanten déi iwwer aner, manner sécher Systemer an d'Entwécklungslänner geschéckt ginn.

Dat ass ee gewaltege Montant, deen eng gewëss Zäit duerch de System leeft. Derbäi kommen dann nach héich Onkäschten, déi sech an der Moyenne op 5,7 % bezifferen**). Dat si bei deene 600 Milliarde € ronn 40 Milliarde € déi dann net bei de Familljen ukommen. Leider sinn déi Onkäschten ënnerschiddlech no geographesche Regiounen. Esou belafe sech d'Käschten, fir Geld an Afrika ze iwwerweisen, op méi wéi 8% ***)

Den traditionelle Bankesystem deet sech schwéier, fir hei mat Léisungen ze kommen an de Risk ass grouss, datt aner Acteure mat innovative Léisungen de Relais huelen. Ob dat gutt ass oder net, muss een nach gesinn, et soll awer de traditionelle System net dervun ofbréngen, alles ze ënnerhuelen, fir d'Käschten op ee räsonabelen Niveau erofzebréngen. De G20 fuerdert esou, datt déi Onkäschten net méi wéi 3% dierften duerstellen ****).

Käschten erofbréngen, geet net duer. Et muss och versicht ginn, fir déi Iwwerweisungen ze begleeden mat enger Rei spezifeschen Déngschtleeschtunge,n déi de Betraffene méi Chance ginn, fir eng optimal finanziell Inclusioun ze erreechen. Dat ass eng Fuerderung, déi och vun der Lëtzebuerger Kooperatioun aktiv ënnerstëtzt gëtt.

Et ass net einfach eng Léisung ze fannen an dat och, well et meeschtens relativ kleng Beträg sinn, déi Mount fir Mount iwwerwise ginn. An dach musse séier Léisunge kommen.

All Euro, déi méi ukënnt vergréissert d'Chancen, datt de Liewensniveau vun de betraffene Leit sech verbessert a gläichzäiteg geet d'Probabilitéit zréck, datt weider Leit sech op de Wee no Europa maachen.

Michel MAQUIL

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Fräie Wirtschaftsberoder

*)https://african.business/2023/02/finance-services/can-africas-remittances-be-put-to-long-term-work
**) https://fbf.eui.eu/what-explains-international-remittance-fees/
***) https://www.ifad.org/documents/38714170/41112200/prime_africa_brochure_e.pdf/ea58ef02-81a1-7986-9302-53e8e560204d
****) https://www.gpfi.org/sites/gpfi/files/documents/4.%202022%20Update%20to%20Leaders%20on%20Progress%20Towards%20the%20G20%20Remittance%20Target.pdf.