Gläich zweemol gi mer an nächster Zäit wielen, lokal an national. Der Rei no mellen Acteuren aus der Gesellschaft sech zu Wuert mat hire Fuerderungen un d’Adress vu Kandidaten a Parteien. A wéi ass et mat der Kierch? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

D’Kierch als eng Stëmm an der Zivilgesellschaft ka bei Walen net einfach nëmme passiv sech zréckhalen – si lieft jo net op engem anere Planéit. Vun hirer Identitéit hir ass si an der Welt, wann och net vun der Welt. Si huet sech also och mat ëm dës eis Welt ze këmmeren.

Stéchwuert „Anwaltschaft“. D’Kierch léint hir Stëmm deene Klengen an Ausgegrenzten, Flüchtlingen, Prisonéier, dem ongebuerene Liewen, dem stierwende Liewen. Si kann net d’accord sinn, dass Prisonéier heizulands hir Reliounsfräiheet ageengt kréien, doduerch dass kee pastorale Bäistand méi an hiren Zelle méiglech ass. Ni ka si sech ufrënne mat enger Extensioun vun der Frist fir den Avortement oder enger ëffentlecher Sensibiliséierung fir d’Euthanasie.

Grad esou mécht si sech zum Anwalt vum Kreesch vun der Äerd, déi ënnert der Belaaschtung duerch de Mënsch ächzt a stöhnt. Anwalt och vun engem ëmfaassende „Bien commun“. Duefir trëtt si, am Sënn vun der Subsidiaritéit, an fir d’Stäerkung vun den Zwëschekierper an der Gesellschaft an net nëmmen d‘Individualrechter vum Eenzelen.

Wéinst dem Mënscherecht „Reliounsfräiheet“ kann et hir och net egal sinn, ob am Schoulfach „Vie et Société“, esou wéi ursprénglech geplangt, déi grouss Weltreliounen zur Sprooch kommen – oder eben villfach net; hei ass vill Nobesserungsbedarf. Fir dass och kommend Generatiounen dermat konfrontéiert ginn, wéi um reliéise Plang eis pluralistesch Gesellschaft tickt, mat alle Méiglechkeeten, Chancen a Limitten.

Och sinn d’Konditiounen, ënnert deene si den historesch-kulturelle Kierche-Patrimoine ze geréieren huet, esou enk gestallt, datt si, well se d’Moyen’en net huet, hir Konscht- a kulturell Schätz mëttelfristeg net adequat konservéiere kann – wann net aner Léisungen an d’A gefaasst ginn.

Dëse Plädoyer vun der Kierch mag gefalen oder unecken. Géif si näischt soen a keen Interessi manifestéieren, wier dat Verrot un hirer Missioun an un hirer Verantwortung fir d‘Gesellschaft.