Automobilisten opgepasst. Et gëtt ëmmer méi Politiker, déi vun enger Welt ouni Autoen dreemen.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

Eng Welt mat angeblech doucer Mobilitéit, wou jidderee sech zu Fouss oder mam Vëlo, schlëmmstefalls mat Bus, Tram oder Zuch deplacéiert.

D’Realitéit ass leider eng aner. Souguer am klenge Lëtzebuerg gëtt et iwwer 600 Uertschaften, déi net 24 Stonnen den Dag a 7 Deeg an der Woch esou mat ëffentlechen Transporter ze verbanne sinn, dass jidder Bierger iwwerall hi kënnt.

De Camion ass och net ze ersetzen. Sief et nëmme fir déi mam Zuch transportéiert Gidder weider ze verdeelen. Iwwregens sinn nëmmen 44 vun 102 Gemengen iwwerhaapt un d’Schinnen-Netz ugebonnen.

Trotzdeem versiche vill Politiker, net nëmme vun de Gréngen, den Auto onméiglech ze maachen. Ëmmer méi Taxen, ëmmer méi Restriktiounen, ëmmer méi Verbueter.

Déi Lénk wëllen Tempo 30 generaliséieren. Vill aner Parteie sinn éischter d’accord. Den Transportminister Bausch ass méi realistesch. A Wunn-Quartiere jo, op den Haapt-Axen kontraproduktiv. Ëmmerhin missten och Bus an Tram sech um Boulevard Kennedy oder Royal un en 30 km-Limite halen.

Leider huet de gréngen Minister elo eng „Parkraum-Strategie“ virgeschloen, déi drop erausleeft, den Auto an de Stied onméiglech ze maachen. D’Parke soll vill méi deier ginn. D’Parke laanscht d‘Stroosse soll verhënnert ginn. D’Stad Lëtzebuerg huet schonns ënnert engem bloen Mobilitéitsschäffen Honnerte vun Parkplaze fir Vëlos-Pisten geaffert. Déi wéineg genotzt ginn.

Wie parke wëll, sou de Minister, soll op sengem Privat-Grondstéck Plaz dofir schafen. Eventuell säi Gaart afferen. Wat schonns ze vill Leit maachen. Dobäi reduzéiere Gemengen ewéi d’Haaptstad iwwert d’Bautereglementer d’Zuel vun den Stellplazen. Um Kuebebierg ass nëmmen méi eng hallef Parkplaz pro Wunneng méiglech.

Déi Auto-feindlech Politik gëtt et och an der EU. De Verbrennungs-Motor soll bis 2035 verbuede ginn. Och d’Amerikaner an d’Chinese setzen op d’Elektro-Mobilitéit. Sinn den Europäer souguer technologesch viraus. Verbidden awer net Autoe mat engem Verbrennungsmotor.

En Diesel-Auto mat der leschter Technologie ass iwwregens méi ëmweltfrëndlech ewéi en Elektroauto mat bis zu 1.000 Kilo Batterie, voll rarer Metaller. Déi net ouni negativen Impakt op d’Natur ze gewanne sinn.

Awer d’Ideologen, déi eis a Stad an Land alles verbidde wëllen, sinn net fir sachlech Argumenter empfänglech.

Dobäi ass a bleift den Auto en Instrument vun der perséinlecher Fräiheet. Deen ee selbstverständlech mat Verstand soll notzen. Awer den Auto, op thermesch oder elektresch gedriwwen, ass weiderhin noutwendeg.

Automobiliste wiert iech!