Sech fräiwëlleg engagéieren

D'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner deelt hir Gedanken iwwert fräiwëllegt Engagement.
No der Pandemie hunn ech des Ëfteren am soziale Secteur héieren, datt sech manner a manner Leit fräiwëlleg engagéieren. Di vill Zäit doheem huet villäicht mat sech bruecht datt ee sech anescht engagéiert huet, doheem, bei Famill oder mat Frënn oder ganz einfach méi Zäit fir sech brauch. An dat ass och ganz legitim, well e fräiwëllegt Engagement funktionéiert just richteg gutt, wann ee mat Läif a Séil dobäi ass.
Dofir wollt ech eng Carte Blanche iwwert d’Promotioun vum Fräiwëllege maachen, well se sinn an enorm ville Secteuren immens wichteg – ouni si leeft laang net esou vill oder esou guer näischt. Sports- a Kulturveräiner, gemengnëtzege Vereenegungen, Clibb a Stëftunge sinn op se ugewisen, fir hir Evenementer, awer och Aktiounen an esou guer verschidden Alldagsaarbechten.
Villäicht feelt et u méi Unerkennung a gréisseren Zougang zu Formatiounen, fir dat mer de Fräiwëllegen hir Hëllef méi an de Vierdergrond setze kënnen a se domadder och fërderen.
Villäicht feelt et och un de richtegen Dispositiounen, fir sech niewent der Aarbecht fräiwëlleg z’engagéieren an och op der Aarbecht di néideg Unerkennung kritt.
Wann ee prett ass Zäit ze schenken, geet et drëms, sech d’Fräiheet ze huelen, d’Loscht ze hunn an d’Freed z’erkenne fir sech anzesetzen an eppes hir ze ginn. A sief et nëmmen e puer Stonnen am Joer... Et geet ëm d’Notioune vun Engagement, Benevolat a Solidaritéit, déi wie d’Fauscht op d’Ae passen.
Sech solidaresch engagéieren a Benevole ginn, heescht awer net nëmmen eppes ginn, mee och vill kréien. Immens vill. Déi geschenkten Zäit ass eng wäertvoll Zäit an een, deen dat erkennt, deen huet och d’Méiglechkeet, de Retour dovunner z’erliewen : sozialen Austausch, eegen Zefriddenheet, positive Feedback akasséieren.
Ech wënsche mer, datt jiddereen e bëssi Loscht op fräiwëllegt Engagement huet an och dofir déi néideg Unerkennung kritt, fir dat all Partie dat Bescht draus zéie kann. An deem Sënn ass eng gestäerkten Agence du Benevolat net vu Muttwëll a ka sécher um nationalen Niveau zu enger Verbesserung bäidroen.