Demokratie brauch Demokraten… a Kandidaten!

De Marc Limpach mat enger Carte Blanche iwwer politeschen Engagement.
Dëse Sonndeg gi mer wielen. Vill Leit wäerte sech soen: endlech ass dee kommunale Walkampftheater eriwwer. Natierlech ass et e bësse lächerlech, wa kuerz virun de Walen, all eenzel Klunsch mat groussem Tamtam ageweit gëtt. Natierlech si verschidde Spëtzekandidaten éischter vu perséinlechem Éiergäiz ugedriwwen a loosse bal nëmmen Plakater mat hirer eegener Binnett ophänken. A vill schéi Fotoen an de soziale Medien, sinn anscheinend elo méi wichteg, ewéi Walprogrammer. Kloer muss ee schmunzelen, iwwert déi éischter substanzlos Slogane: Méi no, méi beweegen, méi no bei Dir, méi no bei der Fënster, méi frësche Wand, méi hei, méi do, méi alles… Déi Kritik un de Niewewierkungen vun der lokaler Demokratie ass jo sécher net ganz falsch, awer vläicht och e bëssen einfach.
Et soll een dobäi net vergiessen, wéi eng Chance mer hunn, iwwerhaapt an enger Demokratie ze liewen. Et ginn haut ronderëm d'Welt méi autokratesch Regimmer wéi Demokratien. Den aktuellen „Democray Report“ vun der Universitéit Göteborg[1] weist, dass de weltwäite Level vun Demokratie, haut am Duerchschnëtt erëm zréck um Niveau vun 1986 ass. 72% vun der Weltbevëlkerung, also 5,7 Milliarde Leit, liewen haut ënnert autoritärer Herrschaft. Just 13% hunn d’Chance an enger wierklecher Demokratie ze liewen.
Demokratie brauch Demokraten, sot de Friedrich Ebert, den éischte Präsident vun der onglécklecher Weimarer Republik. An Demokratie brauch och Kandidaten. Vill Kandidaten engagéieren sech op enger Lëscht, obwuel si wëssen, dass si warscheinlech guer net gewielt ginn. Oft sinn se schonn a lokale Veräiner aktiv a sinn sech trotzdeem net ze schued, och nach vill Owender mat Diskussiounen iwwert d’Zukunft vun hirer Gemeng ze verbréngen – amplaz just doheem op der Couche ze leien.
De Politikwëssenschaftler Herfried Münkler gesäit d‘Erosioun vum politeschen Engagement als gréisste Gefor fir eis Demokratien. Hie mengt, dass de Schlëssel fir eng Stäerkung vum demokratesche Bewosstsäin um lokale Niveau läit.[2] D'Gemengepolitk bitt nach ëmmer vill Méiglechkeeten, fir de Bierger hiert direkt Liewensëmfeld ze gestalten. Sozial an ekologesch Erausfuerderunge brauchen och Léisungen um lokale Niveau. An der Gemengepolitik léiert een d'Spillreegele vun demokrateschen Entscheedungsprozesser an d'Handwierk fir Kompromësser ze fannen. Gemengepolitik ass d’Basislager vun der Demokratie. Mir sollten dem éierlechen Engagement vun deene ville Leit, déi iwwerhaapt nach bereet sinn als Kandidat an d’Gemengewalen ze goen, vläicht och mat méi Unerkennung a Respekt begéinen.
[1] V-Dem Institute: Department of Political Science, University of Gothenburg: DEMOCRACY REPORT 2023 – Defiance in the Face of Autocratization, März 2023.
[2] Herfried Münkler: Die Zukunft der Demokratie. Wien 2022, S. 166 f.