Verfassung 1848 -2023

Den 1. Juli gëtt déi nei Verfassung feierlech a Kraaft gesat, kaum zwee Méint nodeems déi éischt Verfassung vun 1848 mat groussem Pomp gefeiert ginn ass.
Firwat et eng gutt Iddi gewiescht wär, déi zwee Evenementer op dee selwechten Datum ze leeën a wat dat mat dem Nationalfeierdag ze dinn huet, erkläert de Fernand Fehlen a senger Carte Blanche.
Virun 175 Joer huet Lëtzebuerg seng éischt Verfassung kritt, déi deemools eng vun de liberaalsten a ganz Europa war. Dëst ass Enn Abrëll an enger grousser Zeremonie inklusiv en historesche Musical op dem Joresdag vun der éischter Sëtzung vun der Constituante gefeiert ginn.
1856 goufen d’Rechter vum Vollek duerch e Putsch vun Uewen nees ageschränkt an et huet bis 1919 gedauert, bis dat allgemengt Walrecht – net nëmme fir d’Männer, mee och fir d’Fraen – ageféiert ginn ass, wat deemools kengeswees selbstverständlech war. Säitdeem läit d’Souveränitéit vum Land bei senge Walbiergerinnen a Walbierger. An dank den Debaten ëm d’Auslännerwalrecht 2015 ass an engem grousse Konsens, bei deem just d’ADR net mat gezunn huet, 2017 decidéiert ginn, den Zougang zu der Staatsbiergerschaft, dee schonn 2008 erliichtert gi war, nach eng Kéier weider opzemaachen. Den Historiker Denis Scuto schwätzt vun enger kopernikanescher Revolutioun vum Staatsbiergerschaftsrecht. Säit 2008 sinn 73.000 nei Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger dobäikomm, plus nach eng Kéier 36.000, déi d’Nationalitéit vun hire Virfaren recouvréiert hunn, wéi dat am administrative Jargon heescht.
Déi éischt demokratesch Verfassung ass 1848 den 23. Juni votéiert ginn, en Datum, deen zoufälleg mat deem vun onsem Nationalfeierdag iwwerteneestëmmt. Dëse war 1961 aus reng pragmateschen oder solle mer soe meteorologesche Grënn als fiktive Gebuertsdag vun der Grand-Duchesse gewielt ginn, well d’Leit Flemm haten, hire reelle Gebuertsdag bei Keelt a Schnéi am Januar ze feieren.
Den 175. Gebuertsdag vun der éischter Verfassung hätt logescherweis den 23. Juni, den Dag vun hirem Votte, misse gefeiert ginn. Des Geleeënheet ass verpasst ginn. Et ass och keen op d’Iddi komm, déi nei Verfassung op dësen Dag ze datéieren an domat eng Kontinuitéit mat der éischter ze kreéieren.
Béides hätt onsem Nationalfeierdag en zousätzleche Sënn ginn: D’Vollek géif net nëmme säi Souverän, mee och seng Verfassung a seng Souveränitéit feieren.