Politescht Engagement

© RTL Grafik
Déi 1. Walen vun de Super-Wal-Jore si gepackt. Déi nächst si schonn en vue. Fir datt Wale kënne stattfanne, brauch ee Kandidatinnen a Kandidaten. Déi schéngen awer net sou einfach ze fannen ze sinn, mengt d’Michèle Schilt vum ZpB.
Net vill Jonker, net vill Fraen, net vill Persounen mat net-Lëtzebuerger Pass... a verschiddene Gemengen huet iwwerhaapt net misse gewielt ginn, an aneren huet et gedauert bis sech sou vill Leit fonnt haten, wéi et Posten am Gemengerot gëtt. Leit ze motivéieren, fir d’Lëschten ze fëllen war an de mannste Gemengen einfach. Ob dat viru 6 Joer anescht war, ass schwéier soen, konkret Zuele ginn et keng.
Zuelen zum allgemengen politeschen Intressi ginn et och keng. Dat wär awer e wichtegt Instrument fir ze kucken, a wéiwäit d’Mënschen hei zu Lëtzebuerg d’politescht Geschéien registréieren an ob et hinne wichteg genuch ass, sech driwwer ze informéieren, driwwer ze diskutéieren an eventuell och z’engagéieren. Mee wat heescht am Fong politescht Engagement?
Verschidde Forme vu politeschem Engagement
Sécher ass de Walgang eng Form vun Engagement. (Mir hunn zwar d’Walflicht, mee et kënnt keen an de Prisong, wann en net wiele geet.) Donieft ginn et nach vill Méiglechkeeten, där organiséierter, wéi z.B. Biergerinitiativen, Matschaffen a Veräiner oder zivilgesellschaftlechen Organisatiounen, déi sech fir ee bestëmmten Zil asetzen, mee och déi manner institutionaliséiert, z.B. online oder offline Petitiounen, Demonstratiounen, d’Deelhuelen un Ëmfroen, d’Notze vun digitale Bedeelegungsplattformen oder och einfach d’Kontaktophuelen mat Politiker*innen (an der Gemeng a souguer national ass dat jo heizuland net allze komplizéiert).
An da gëtt et nach d’Matschaffen an enger Partei. Zu Lëtzebuerg hu ronn 25 000 Leit eng Parteikaart. (Dat hu Kolleeginnen erausfonnt, well se an de Parteizentralen ugeruff hunn. Déi Zuele konnte mer net verifizéieren.) Dat entsprécht 4,8 % vun der Bevëlkerung am Alter tëscht 14 a 74 Joer. (Dat war eng Reegel de Tri). Dat ass net vill. Lo kann ee soen, dat ass am Trend vun der Zäit - och aner Formen vu laangfristegem Engagement schrecken of, vill Clibb kloen iwwert de Mangel u Benevollen. Mee dobäi kann een net stoe bleiwen. Eis Gesellschaft brauch Engagement an och den Engagement an de Parteien.
Firwat brauche mer institutionaliséiert Forme vu politeschem Engagement?
Parteien sinn direkt Acteure vun eisem Regierungssystem. Aus hire Reien ginn déi Persounen ervir, déi Politik konkret maachen. Natierlech kann ee sech och ouni Parteikaart an der Politik engagéieren, de Succès vun de Biergerlëschte bei de Walen e Sonnden weist dat gutt. Mee landeswäit fënnt den Austausch ronderëm verschidden Iddien an Intressien iwwert d’Parteie statt. An da kann et engem net egal sinn, wann déi keen Zoulaf hunn. Wat kann een also maachen?
No de Walen ass virun de Walen
Un éischter Stell steet sécher: Intressi wakrech man. Dat geet bei de ganz Klengen un, an der Schoul, de Maisons Relais, an de Jugendhaiser... Iwwregens, do hu mer Zuelen: de Youth Survey vun 2019 weist, datt 20% vun de Jonken vill, resp. ganz vill u Politik intresséiert sinn. Dat dréckt sech meeschtens iwwer Online Petitiounen an Demonstratiounen aus. Déi mannst nennen d’Memberschaft an enger Partei. Dat deckt sech also mat dem Rescht vun der Bevëlkerung.
Eng Schëpp bäi leeën kann ee sécher bei der Kommunikatioun vun de Parteie selwer. Souwuel wat d’Sproochen ugeet, wéi och d’Occasioune ze schafe fir mat de Leit a Kontakt ze kommen.
Eng weider Pist kënne verstärkt Bedeelegungsméiglechkeeten sinn, déi notamment um lokale Plang séier hir Friichte kéinten droen. Do kann een Ales - wéi z.B. d’Gemengekommissiounen - an Neies - wéi Biergerbudgeten, Foren oder digital Instrumenter gutt verbannen. En entspriechende Gesetzesprojet ass jo ënnerwee.
A schliisslech – an dat ass vläicht am schwéiersten - kann ee sech bei senger eegener Nues huelen an iwwerleeën, ob et net awer eemol Zäit ass fir sech an eng Gemengekommissioun ze melle wann en Appel lancéiert gëtt oder iwwert eng Parteikaart nozedenken. A - wie weess - a 6 Joer eventuell selwer Kandidat oder Kandidatin ze sinn.