Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit och am Sport

An der lescht gëtt vill iwwer d’Aarbechtszäiten diskutéiert. Mir brauche méi flexibel Aarbechtszäiten an net méi kuerz Aarbechtszäiten. Wéi déi Organisatioun soll ausgesinn, datt gëtt am beschten an engem Accord tëscht de Salariéen an de Patrone selwer decidéiert. D’Politik soll sech do eraushalen an dat am Interêt vun all eenzelen, vun de Betriber an domadder vun onser Ekonomie. Also vun ons alleguerten. Dat gëllt och fir de Sport. Eng Carte Blanche vun der Anne Brasseur.
Ech huelen do als Beispill de Fall vu professionellen Traineren, bei deene sech direkt eng ganz Rei Froe stellen:
Wéi soll en Trainer déi obligatoresch Rouzäit vu 44 Stonnen anhalen, wann e mat op e Stage geet oder bei engem Tournoi vun e puer Wochen am Ausland mat dobäi ass? Well am Sport weess ee jo oft iwwerhaapt net, wéi laang en individuelle Sportler oder eng Equipe dobäi sinn. Bei verschiddene Sportarte weess een net, wéini e Match ufänkt oder wéi laang e Match dauert. Alles Inconnuen oder Variabelen, déi en direkten Afloss op d’Aarbechtszäite vun de Betreier hunn.
Déi sëllege Virschrëfte vum Code du Travail gesinn z.B. vir – an dat gëllt och fir e Veräin, deen Trainere beschäftegt – dass e Sécherheets-Delegéierte muss designéiert ginn, deen muss eng Formatioun matmaachen, oder dass e Benevole, deen eng Indemnitéit kritt, sech engem Examen médical ënnerzéie muss. Sonndesaarbecht muss am Viraus notifizéiert ginn, wëssend, dass déi meescht Competitiounen dach eben um Sonndeg stattfannen. Et ass virun zwou Woche leider bei der Adaptatioun vum Code du travail verpasst ginn, nieft de Muséeën och eng Ausnam fir de Sport bei der Sonndesaarbecht virzegesinn.
All dat féiert zu engem enormen administrativen Opwand, dee mat der Gréisst vum Club oder vun der Federatioun wiisst a vu benevollen Dirigeants kaum ze bewältegen ass.
Ech wëll mat deene Beispiller just weisen, dass d’Aarbechtsgesetz am Sport iwwerhaapt net applicabel ass. Wann et awer zu Verstéiss géint d’Reegele kënnt, dann intervenéiert d’ITM, an déi Dirigeants – meeschtens Benevollen – riskéieren eng Geld- an esouguer eng Prisongsstrof.
Et misst dach méiglech sinn, Ausnamereegelungen och fir de Sport virzegesinn. Zemol wann ee bedenkt, dass den Aarbechts- an de Sportsministère scho viru fënnef Joer zesummegeluecht gi sinn. Amplaz ze bedaueren, dass et ëmmer manner Fräiwëlleger am Sport ginn, sollte mer fir d’éischt emol ophalen, déi Leit onnéideg ze belaaschten.
Et gëtt deemno héich Zäit, dass d’Aarbechtszäiten zu Lëtzebuerg méi flexibel ginn – och am Sport.