Alldaagssolidaritéit

© Alain Rischard
De Ian De Toffoli erzielt eis, wéi hien enges Daags am Metro op den Jim Jarmusch getraff ass, an et net fäerdegbruecht huet deem ze soen, wéi vill seng Filmer him bedeiten, och a senger artistescher Carrière.
Hien huet sech doropshi gesot, datt hie vu lo aus un de Leit ëmmer géif matdeelen, datt se him wichteg sinn.
Ech fänke mol mat enger perséinlecher, enger klenger, vläicht och onwichteger Anekdote un. Viru puer Joer stoung ech eng Kéier an engem Metro, wéi op emol den Jim Jarmusch erageklommen ass. Et war schonn no Coffee and Cigarettes, mee vläicht nach virun The Limits of Control, oder Only Lovers Left Alive. Ech stoung also do, meng Nues vläicht 40 cm viru senger Nues. Hie kuckt mech, ech soen näischt, an eng Statioun drop muss ech rausklammen, an dat war et. Ech hunn him net gesot, datt ech seng Filmer fir eppes vun deene schéinste Saache vun der Welt halen, an datt ech haut keen Theater géif maachen a kee Bic géif an de Grapp huelen, wann et seng Aarbecht net gi wier. Ech hat laang en immense Regret, datt ech an deene puer Minutten net kapabel war, him dat ze soen, datt ech mer sot, mer probéiert hunn ze schwieren, sou e Manque u Wierder am decisive Moment géif net méi virkommen.
Ech probéieren hautdesdaags de Leit et sou oft wéi méiglech ze soen, wann ech gutt fannen, wat se maachen. Net nëmme Museker no Shows, Theatermaacher no Stécker, mee och Frënn, déi eppes Wichteges duerchstoe mussen, oder, jo, souguer einfach nëmmen, wa se gutt ausgesinn. Wéini hutt dir fir d’Lescht enger Persoun gesot, datt se schéi wier?
An ech fannen, déi Solidaritéit, déi Alldaagssolidaritéit, déi feelt dacks. Op der Schaff oder an der Schoul ass et oft sou, datt ee jorelaang net „Merci“ oder „guttgemaach“ fir d’Aarbecht an d’Notte gesot kritt, awer een direkt ugegraff oder gedemütegt gëtt, wann eng Kéier eppes net geet, wéi et soll.
Ech verstinn och haut oft net, wéi mer kënne sou een oft onzivillen, ruppegen Toun an Ëmgang mateneen hunn, wéi mer zu enger Gesellschaft vum Auserneen an net zum Matenee gi sinn – also dach, et weess een et schonn, een Deel vun der Äntwert ass dee jorelaangen Neoliberalismus, deen eis just bäibréngt, datt eis eegen meeschtens materiell Wënsch méi wichteg sinn, wéi eisem Noper seng, an datt et virun allem ëmmer ëm eis als éischt geet, nom Motto schäissegal, ob et op anere Plaze kee Waasser gëtt, soulaang ech meng Piscine ka fëllen.
Et ass net Héiflechkeet, déi ech hei verlaangen, et si keng Floskelen, nee, et ass eng méi grouss Solidaritéit, ënner Frënn, ënner Kolleegen, ënner Bekannten. Et ass e Sënn fir Communautéit.
An a Wierklechkeet, wann ee bedenkt – a lo extrapoléieren ech – eppes wat eis oft feelt, ass d‘Kapazitéit déi Solidaritéit och fir Onbekannter z‘empfannen, Onbekannter, déi Alliéierter brauchen, an enger Welt, déi, wéi mer wëssen, am Moment net grad vu sozialer Gerechtegkeet, vu Respekt fir Matmënschen, oder vu Suergfalt a Fleeg fir dat Liewegt strotzt. Wat an eiser sou oft toxescher Gesellschaft feelt, dat sinn eben net di e bësse muuschteg Spréch, mat deene verschidde politesch Gruppéierunge behaapten, si wären no bei engem, wat dann awer an der Realitéit meeschtens ganz wéineg de Fall ass, nee, wat eis feelt, ass eng radikal Solidaritéit,
Radikal Solidaritéit, wéi se zum Beispill de José Medina, ganz bekannte Professor an de Philosophie op der Northwestern University am Illinois a sengem Buch The Epistemology of Resistance definéiert, also eng „sech selwer hannerfroend an ëmmer oppe Fäegkeet, onendlech vill heterogen (also verschidde) Perspektiven unzëerkennen an op se ze reagéieren. Op se reagéieren heescht an dësem Fall se verstoen, hinnen empathesch entgéintkommen oder just hinnen nozelauschteren.
Eng vun de wéinege Plazen op der Welt, wou ee sou eng Form vun onageschränkter Solidaritéit fënnt, ass bei verschiddene jonke Klimataktivistegruppen. Si striewen e Prozess vun enger Heelung un, deen net just de Planéit u sech betrëfft, mee e bessert Zesummeliewen vun all de Vëlker a Communautéiten. Eng global Solidaritéit. Wou net ee fir di aner decidéiert. Oder den Norden de Süden exploitéiert.
Sou Gruppe gi mir am Moment déi gréissten Hoffnung.