D’Infirmière ass net dem Medezinner säin Assistent. Mee firwat muss een dat nach ëmmer widderhuelen? Eng méiglech Erklärung ass déi, dass d’Infirmière als Fraeberuff entstanen an och haut 80% vun den Infirmièren weiblech sinn. Mee d’Schwëster war gëschter! Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Den Infirmiersberuff emanzipéiert sech! Den Duden definéiert d’Emanzipatioun als : "Befreiung aus einem Zustand der Abhängigkeit". Dëst ass nei an oft gëtt d’Infirmière, wann och ouni Absicht, nees AN d’Ofhängegkeet vum medezineschen Kolleeg zréckgesat. An dëst ass net nëmmen an eiser Kultur esou, mä souguer gesetzlech festgehalen:

D’Infirmière mécht sech beispillsweis strofbar, wa si Medikamenter, déi Jiddereen ouni Ordonnance kann an der Apdikt kafen, selwer ouni Ordonnance verofreecht.

Och ass gesetzlech festgehalen, dass de Conseil scientifique de la SANTE ausschliisslech medezinesch Leitlinnen erstellt. Deementspriechend dierfen och nëmme Medezinner an dëse Conseil gewielt ginn. Bei der Grënnung virun 12 Joer gouf wuel mat enger Selbstverständlechkeet ugeholl, dass d’Gesondheetsberuffer keng Leitlinne brauchen an dass d’Expertise vun den Medezinner all déi aner Gesondheetsberuffer mat ofdeckt.

D’Infirmiere sti souguer an der existenzieller Ofhängegkeet vun de Medezinner, wann et em d’Bezuelung vun hirer Aarbecht geet. Dës stemmen an der Nomenklaturkommissioun nämlech mat of, ob an wéi vill d’Infirmière bezuelt kritt (wuel bemierkt ginn mir aus dem nämmlechten Budget bezuelt, dat heescht wann d’Infirmière méi kritt, kritt den Medezinner manner, en politeschen Aushandlungsprozess, deen net funktionéieren kann!). Souwisou misst dëst Gremium am beschte ganz ofgeschaaft ginn, wéi schonn 2014 vun der Universitéit Vallendar recommandéiert.

Mee et geet nach weider! Dem Spidolsgesetz no ass den Poste vun engem Spidolsdirekter Medezinner virbehalen. D’Visiounen vun den Institutioune ginn doduerch haaptsächlech vun engem medezineschen Point de vue geduecht, wéi een beispillsweis an der rezenter Visioun vun der Spidolsfederatioun gesäit a fleegeresch Innovatiounen ginn immens erschwéiert. Dobäi ginn et vill Beispiller vu Spideeler am Ausland, déi erfollegräich vun interdisziplinären Duebelspëtzen geleet ginn. Den aneren Extrem gesäit een am extra-hospitalière Beräich. Wat fir eng Visioun en Verwaltungsrot sech wuel erwaart, wann en eng Persoun aus dem Finanzsecteur un d’Spëtzt vun engem Altersheem setzt? Mee dat ass en anert Thema…

Op allefalls, gëtt dëst almoudescht, hierarchescht Denken der interdisziplinärer Gesondheetsversuergung vun 2023 scho laang net méi gerecht. An dach ass d’Reaktioun op Verbesserungsvirschléi oft: "Mee wat soen d’Dokteren dann dozou ?" Et wier dach méi konstruktiv ze soen: "Interessanten Aspekt. Komm mir setzen eis zesummen!"

Mir mussen dowéinst onbedéngt den aktuelle Fonctionnement hannerfroen! Dat bedeit net automatesch, dass d’Infirmière géint hier medezinesch Kolleege schéisst! Am Géigendeel, d’Infirmière an de Medezinner sinn zwee Beruffer, wou Jidderee seng Kompetenzen huet, déi awer enk an op Aanhéijt zesumme schaffen. An dat ass och gutt esou!

An dach erwaarden mir, dass an Zukunft och a Gesetzer interdisziplinär Gruppen als selbstverständlech ugesinn ginn!

Umierkung: Den Auteur benotzt fir Verwirrungen ze vermeiden bewosst den Term "Medezinner" amplaz vun Dokter. Doktere ginn et nieft der Medezin nämlech och an aneren Fächer wéi der Fleegewëssenschaft, Hiewannewëssenschaften, Physiotherapie, Psychologie, …