Robotergeschichten

© Boris Loris / RTL Grafik
Gëtt d'Literatur an Zukunft vu kënschtlecher Intelligenz geschriwwen, freet sech d'Schrëftstellerin Elise Schmit. A wéilte mer se dann nach liesen?
Säit uganks Mee streiken zu Hollywood déi Leit, déi d'Dréibicher schreiwen. Si fuerderen ënnert anerem, d'Produktiounsfirme missten den Ëmgang mat AI, also kënschtlecher Intelligenz, reguléieren. D'Dréibuchschreiwerte fäerten, si kéinten ouni Géigeleeschtung einfach ewechautomatiséiert ginn. Dat ass net onrealistesch. Programmer wéi ChatGPT léieren aus enormen Datebanken – soe mer mol: d'Dréibicher vu Filmer a Serien, déi Succès haten. D'Produktiounsfirme kéinten esou Programmer ustellen, Zenarien ze entwerfen, déi engem bestëmmte Public warscheinlech wäerte gefalen. Wann zum Beispill eng Serie e puer Staffele laang gutt gelaf wier, kéint d'Produktiounsfirma déi deier mënschlech Schreiwerten erausgeheien an d'Maschinn un déi Episoden, déi et scho gëtt, esou vill nei Episoden drunhänke loossen, wéi se Loscht hunn. Oder si kéint Jore méi spéit d’Serie nei opliewe loossen, an Nullkommanäischt zesummegepëselt vun engem Programm.
Gëllen esou Ängschte fir d'literarescht Schreiwen am Allgemengen? Muss een sech drop astellen, dass d'Romaner an Zukunft vu Maschinne geschriwwe ginn?
En neie Maigret, en neien Harry Potter, wier dat net immens? Oder vläicht ee vun den onvollendete Romaner vum Franz Kafka oder vum Jane Austen an enger kompletter Versioun?
D'Fro ass net, ob déi Saachen elo oder geschwë méiglech sinn. Do ass d'Äntwert einfach: jo. D'Fro ass, ob et intressant wier, esou Bicher ze liesen oder, fir bei d'Dréibicher zeréckzekommen, esou Filmer ze kucken. An do sinn ech mer, sou wéi d'Situatioun den Ament ass, net sécher.
D'Literaturtheorie huet an der zweeter Halschecht vum 20. Joerhonnert behaapt, den Auteur wier dout. Dat sollt heeschen, dass et egal wier, wien en Text geschriwwen huet, dass ee fir d'Interpretatioun net misst wëssen, aus wat fir enger Biografie dat Déngen hierkënnt. Et sollt just den Text gëllen. Firwat dann net e Roman liesen, dee vun enger Maschinn geschriwwe gouf?
Vläicht ass et esou: E Computerprogramm huet kee Point de Vue. AI weess zwar elo ganz geschwënn mat grousser Treffsécherheet, wat fir eis witzeg wierkt a wat traureg, wat mir spannend fannen a wat langweileg. Mee wéi wëllt eppes, wat net denkt, eis un d'Denke bréngen? – wat, mengen ech, eng Haaptfunktioun vu Literatur oder Konscht am Allgemengen ass. Falls een un där Theorie vum Doud vum Auteur wëllt festhalen, géif ech ergänzen: Wa Literatur net aus iergendenger Biografie hierkënnt, ass se éischter eng Kuriositéit, éischter e Konschtstéck wéi Konscht, a gëtt warscheinlech séier fad. D'Situatioun ännert awer, falls AI op eemol zou sech kënnt, also eng sougenannten emergent Intelligenz ass. Dat géif bedeiten, dass d'Maschinn hir eegen Erfarunge maachen an doriwwer reflektéiere kann. An dann ass sécher näischt méi intressant wéi vun hir gewuer ze ginn, wéi et ass, eng Maschinn ze sinn.