Alles op de Vëlo … oder och net

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert Ideologen, déi eis den Auto als déi grouss Fräiheet verkafe wëllen.
De Sonndeg de 16. Juli ass et nees esou wäit: "Alles op de Vëlo" tëschent Mamer a Miersch. Säit 1995 gëtt et dës Manifestatioun, déi de Wäert vum Vëlo als Fräizäitinstrument, awer och als gesond an ëmweltschounend Transportmëttel soll propagéieren. Vill ass säit 1995 geschitt, an dach bleift nach een enormen Nohuelbedarf, bis ee séchert Vëlofueren zu Lëtzebuerg am Alldag méiglech ass. Dat hunn virun engem Mount gutt 1.000 Leit op der Vëlosmanif an der Haaptstad däitlech gemaach. Déi stoung ënnert dem Motto „Safer Cycling Now“.
Trotzdeem klammen Zuele vun de Vëlosfuerer*inne bestänneg. Enn Dezember 2022 hunn d'Compteuren an der Stad Lëtzebuerg fir d'éischt iwwert eng Millioun Beweegunge mam Vëlo gemooss, dat war ee Véierel méi wéi d'Joër virdrun an 44% méi ewéi 2019, dat lescht Joer virun der Covid-Epedemie. Dat si Wäerter déi sécher nach méi héich wieren, wann lëtzebuergesch Vëlosinfrastruktur mat där vun Holland oder Dänemark géif gläichzéien. Do si mer awer nach net, nach laang net.
Dëse relative Succès huet an der läscht och hei zu Lëtzebuerg derzou gefouert, datt de Protagonist*inne vum Vëlo en „ideologesche Kampf“ géint den Auto ënnerstallt gëtt. Op et zum Beispill rezent den aktuelle Generalsekretär vun der ADR oder en eemolege sozialistesche Verkéiersminister waren: Fir si ginn d'Mesuren zu Gonschte vum Vëlo vill ze wäit. Si stéieren sech un Vëlospisten, déi anscheinend ëmmer eidel wären, wärend Parkplazen an Autosspueren duerfir géife geaffert ginn.
Dat dee gréisste Géigner vum Auto allerdéngs den Auto selwer ass, dat gesinn si net. All Vëlosfahrt, déi a Plaz vun enger Sortie mam Auto gemaach gëtt, entlaascht och den Autosverkéier. Besonnesch an de Spëtzestonne si lëtzebuergesch Stroossen iwwerfëllt mat Autoen, déi - objektiv gesinn - guer net all missten ënnerwee sinn.
Sécher gëtt et Deplacementer fir déi den Auto ouni Alternativ ass. Wann awer Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vum Auto a bestëmmte Momenter ënnert déi vum Vëlo oder esouguer vum Zufoussgoë fält, dann ass d'Kritik um Choix vum adequate Verkéiersmëttel keng Fro vun Ideologie, mä vu gesondem Mënscheverstand.
A wann honnerte vun Autoen all Dag op der selwechter Plaz am Stau stinn, a jeeweils just mat enger Persoun besat sinn, dann dierf een och op d'Existenz vun ëffentleche Verkéiersmëttel hiweisen. Jo och do sinn d'Kapazitéiten och nach net do, wou se misste sinn.
Wann een deenen, déi fir en Ausbau vum sougenannten douce Verkéier sinn, ënnerstellt si wéilten aus ideologescher Grënn den Auto verbidden, da weist een domadder am Géigendeel, datt ee selwer ideologesch verblennt ass. Déi Fräiheet fir d'Mobilitéit, déi den Auto versprécht, huet sech längst als Illusioun erausgestallt.
Manner Auto, duerfir awer all Kéiers dann, wann et wierklech Sënn mécht, heescht méi intelligent Mobilitéit an domadder méi Fräiheet fir eis alleguer.