Zanter dem Mëttelalter huet d’Schueberfouer zu Lëtzebuerg eng fest Plaz an ass eng flott Traditioun. Och wa se sech am Laf vun de Joerhonnerte verännert huet, souwuel wat d’Form an d’Dauer, an och d’Plaz an d’Konzept ugeet, ass se déif an eiser Lëtzebuerger Geschicht verankert. Dozou Gedanke vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Wann ee gemittlech duerch d’Alleeë vun der Fouer spadséiert, schaalt et vun iwwerall hier, et kritt een dee séisste Barbe à Papa an déi lackelegst gebrannten Nëss versprach. Tëscht de Kiermesbuden ass iwwerall Musek, an de Geroch vu Kiermesmettwurscht a Gromperekichelcher, léisst een net lass. D’Foraine verspriechen engem Sensatiounen an super Lotteriesgewënner op allméiglech Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn. E Volleksfest, wat net ewech ze denken ass.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Zu all deene vertrauten Usoen, Gerécher a Gejäiz déi, déi eemoleg Stëmmung vun der grousser Kiermes, déi d’Enn vum Summer zu Lëtzebuerg alaut, ausmaachen, gehéiert natierlech och gesellegt Iessen an Drénken derzou. Mat engem gudde Lëtzebuerger Humpen a lëschteger Stëmmung feieren. An de Kiermesbude leeft alles, vun Oktoberfestmusek iwwer Après-schi, franséisch Hits, däitsch Schlager an Elektro funky DJ’en.

Et muss een awer gutt sichen, fir e puer vereenzelt Lëtzebuerger Optrëtter matzëerliewen. Dobäi huet Lëtzebuerg jo genee wéi seng Nopeschlänner eng ganz laang Kiermestraditioun. Komescherweis hunn dës Truechten, Gesang a Lidder et awer net gepackt sech duerchzesetze vis-à-vis vun dem dach gréisstendeels däitschen Afloss, wat dee Volet ugeet. Firwat iwwerhuele mir Traditiounen aus eisen Nopeschlänner - déi zwar ganz flott sinn -  a bauen eis Stëmmungsmomenter net op eis eegen Bräich a Geschicht op? Lëtzebuergesch Volleksmusek, Truechten, a Kiermeskascht kéinte genau sou vill gutt Laun a flott Owender bidden, wéi Oktoberfester déi jo entretemps landeswäit organiséiert ginn. Eis al an nei Stëmmungsmaacherlidder, Kniddelen a Wäinzoossiss a revisitéiert traditionell Kleeder kéinten et gutt mat der däitscher Traditioun ophuelen. Dëst kéint och nach eng lokal Produktioun ukierpen. Loosst eis dach grad fir déi flott Momenter op eis eege Geschicht opbauen, an eis Gebräicher mat der Zäit matgoen. Och eis Sprooch géif sou bei munch engem ganz einfach als Ouerewuerm hänke bleiwen an d’Schwätze vum Lëtzebuergeschen ënnerstëtzen.

Ech hunn d’Gefill, datt eis auslännesch Matbierger sech DACKS méi fir eisen Hannergrond interesséieren an och d’Geschicht an d’Gebräicher besser kennen a liewen wéi mir selwer. Et wier flott, wa mer eis Lëtzebuerger Lidder och nees géife mat Freed matsangen an eis Traditioune och mat e bëssen Houfert weiderliewen. A vläicht zesumme mat eisen Noperen op verschidde Sproochen, déi selwecht Kiermeslidder a Melodie sangen a feieren. Et ass wichteg fir d’Zukunft vun engem international orientéierte Land, datt mir eis eegen Identitéit – mat hire räichen Traditiounen a linguistesche Spezifizitéiten– weiderliewen, an dorop zesumme mat eisen Noperen eng stabel Gesellschaft an engem europäeschen Ëmfeld opbauen.