Haaptsaach, mir sinn zefridden?

© RTL
Mir sti kuerz virun engem Waltermin. Wee soll ech wielen? Et gëtt esou vill Kandidaten, Kandidatelëschten a "Parteien" wéi nach ni. Dat ass den Ausdrock vun Demokratie! Awer, wat soll dat alles? Jiddereen wëllt et besser maachen. Dat heescht jo dann, dass déi, déi et bis elo gemaach hunn, et net gutt gemaach hunn? Esou ass d'ëmfannen vun alle Kandidaten. Nujee, esou schlecht hunn se et awer och net gemaach. Et geet dem Wieler jo gutt, mir sinn zefridden. Awer wat kennt op eis duer, wéi gesäit eis Zukunft aus? Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
Ech sinn e Mënsch, dee sech net mat dem Haut zefridden gëtt. Ech hu mer ëmmer iwwert dat Moar vill Gedanke gemaach. Dat wat ech haut a mengem Gaart an de Buedem séien, dat ka moar schéin, grouss a säfteg ginn, et kann awer och futti goen. Et ass mer also net egal, wat ech haut maachen. Esou ass et och an der Politik.
A wéi gesäit d’Situatioun dobaussen an eisem Land an doriwwer eraus dann aus?
Et ass villes auserneegeflunn. Kuerzfristeg hu mer keng Problemer geléist. Mir kennen mol net d’Léisungen. Eis Bildungspolitik läit um Buedem. Eist Gesondheetswiesen huet den Zuch fir d’Zukunft verpasst. Eis Wirtschaft ass amgaangen, an eng Kris ze rutschen. Eis Finanzsituatioun ass esou schlecht wéi nach ni. An der Ëmweltpolitik si mer net virukomm. Beruff a Famill ass nach ëmmer eng ganz schwiereg Situatioun. De Chômage geet erop. D'Aarmut hellt zou. D’Situatioun vun den Jugendlechen ass net gutt. Lëtzebuerg ass méi onsécher ginn. D'Mobilitéit beweegt sech vun engem Stau an den aneren. D’Situatioun um Logementsmarché ass en Katastroph. D’Inflatioun huet eis all méi aarm gemaach.
A wat ass ronderëm eis lass? Den Ukrainkrich wäert eis nach laang beschäftegen. D’Energieproblemer sinn alles anescht ewéi geléist. D’Veronsécherung vun de Bierger ass grouss. Keng 1000 Kilometer vun eis ewech, um Balkan, zündelt d’Flam vum Krich permanent. Eis Ëmwelt verbrennt an gëtt och net vun der leschter Generatioun gerett. Den Honger an der Welt hellt net of. All déi Krisen, déi mir kennen, hunn als Resultat, dass Mënschen flüchten. Wee kann hinnen et verdenken! Si mer fir déi nächst Pandemie gerëscht?
Esou laang wéi Politikmaachen "Verwalten" heescht, hu mer keng Zukunft. An deenen leschten 100 Joren hu mer Visiounen gehat, wéi mir virukommen.
Mir hunn och staark Mënschen gehat, déi eis Welt viru bruecht hunn. Och Lëtzebuerg!
Et ass also net egal, wie mer hei heem an an Europa wielen.
Wa mer also nëmmen haut zefridde wëlle sinn, da weist eis e Bléck an d’Geschichtsbicher, dass dat moar schif geet.
Eis grouss Problemer si global Problemer. Europa läit an enger déiwer Identitéitskris. Déi schwampeg Staatscheffe vun haut léisen keng Problemer. Ideologie sinn net de richtege Wee. Alles lafe loosse versus eng nei Politik ass e bessere Wee. Mir däerfen net zefridden sinn!