Et war eng politesch Entscheedung, dass Lëtzebuerg no 30 Joer nees um Eurovision Song Contest matmécht. An dëser Carte Blanche freet de Serge Tonnar sech, firwat da grad politesch Inhalter an de Lidder verbuede sinn.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

A menger Jugend war d'Eurovisioun en absolutten No-Go, de Summum vun der Oncoolness, de Prototyp vun der Peinlechkeet, d'Kréinung vun der Cringeness, wéi een haut vläicht soe géif. D'Eurovisioun gutt ze fannen, war e Verbrieche géint de gudde Geschmaach, e bësse wéi wann een an enger Samettebox ronderëm gelaf ass, oder Strëmp an de Sandalen unhat.

Elo ass awer alles anescht. Den ESC ass nees in, Kitsch ass cool a Lëtzebuerg ass endlech nees derbäi. Dat gouf an den héchste Kreesser vun eiser cooler Kitsch-Regierung entscheet. D'Erwaardunge sinn awer och héich, wéi een op gouvernement.lu noliese kann. E positiven Impakt um kulturellen Niveau gëtt sech erwaart, dat am Kader vun der kreativer Industrie, mat ekonomeschen Retombéeën, et soll awer och eng Promotioun vum Ländchen als Reeszil sinn, vu senge Wäerter a sengem image de marque. Den europäeschen an internationalen Esprit vum Grand-Duché an de Beräicher Medien a Musek soll reaffirméiert ginn.

Ass et symptomatesch, dass d'Medien hei virun der Musek genannt ginn? Et ass jo och virun allem e Mediespektakel, wat eise spektakuläre Medieminister freet. Mee och eis Kulturministesch huet an engem Interview versicht, sech begeeschtert ze weisen, a gemengt, déi musikalesch Qualitéit am Ländchen wär haut jo awer och eng ganz aner, wéi deemools. Am Numm vun deene vun deemools, déi trotzdeem 30 Joer weidergemaach hunn, schécken ech hir heimadder nach e Merci iwwert d'Antenne.

Schued awer, dass de Bäitrag fir d'Eurovisioun iwwerflächlech muss sinn, dat steet an der Reegelen: Les paroles des chansons ne doivent contenir aucun propos discriminatoire et/ou politique. Dass politesch Aussoen op dee selwechten Niveau wéi diskriminatoresch Aussoe gestallt ginn, ass hei scho mol den éischte Probleem. Den zweete Probleem ass awer: wien definéiert hei, wat politesch ass a wat net? Ass net alles politesch, besonnesch an der Konscht? A grad an der Musek hunn déi gréisste Songwriter sech net nëmmen op der Iwwerfläch beweegt, mee och duerchaus politesch a gesellschaftskritesch Inhalter vehikuléiert.

D'Entscheedung, fir do matzemaachen, koum net vun ënnen aus der Musekszeen, et ass eng eminent politesch Decisioun, awer politesch Texter si verbueden. D'Kënschtler sollen am Déngscht vun der Politik an dem nation branding stoen, awer nëmme keng eege politesch Aussoe maachen. Dat huet mat kënschtlerescher Fräiheet näischt ze dinn, an dofir och näischt méi mat der Konscht vum Lidderschreiwen, vum Songwriting, wat den Ursprongsgedanke vum Eurovision Song Contest war.

Deen Ustrach vu kultureller Plus-value muss also guer net sinn, komm mir huelen et als dat wat et ass: e globale Mediespektakel wou d'Natioune mol eng Kéier friddlech géinteneen untrieden. Et soll een d'Politik awer duerchaus ënnerstëtzen, an Zukunft och d'Konscht an d'Kreatioun, och ouni Concoursen, grad sou transversal a konsequent z'ënnerstëtzen. A selbstverständlech féiweren ech herno trotzdeem virum Schierm mat fir Lëtzebuerg a freeë mech op den Luxembourg: 12 points.