D’Elefanten am Raum

© RTL-Grafik
D‘Aarmut an déi sozial Ongläichheete wuessen zu Lëtzebuerg, obwuel déi finanziell Hëllefen an d’Luucht gesat an ausgebaut ginn. U wat läit dat?
Bei de sozialen Ongläichheeten zu Lëtzebuerg geet et just an eng Richtung: erop. Emmer méi Leit kréien dat ze spieren. D’Politik géréiert eng Kris no der aanerer a ploschtert riets a lénks. Finanziell Hëllefen ginn an d’Luucht gesat an ausgebaut. Et gi keng Wonnerléisungungen mä wann d’Aarmut an d’Ongläichheeten trotzdeem monter weider wuessen, da muss een sech d’Fro stellen op mir déi richteg Approche hunn.
Wien riskéiert eigentlech zu Letzebuerg aarm ze sinn? Dat sinn virun allem Elengerzéiender a Kanner. An et sinn Zouwanderer aus net EU Länner. Den Aarmutsrisiko läit hei bei iwwert 46% an ass 4 mol méi hèig wéi bei de gebiertege Lëtzebuerger. Eisen ekonomesche System ass awer nu mol ofhängeg vun engem konstanten Bevëlkerungswuesstum. An do komme net nemme Menschen mat engem decke Portmonni.
D’Thema Aarmut an wuessend Ongläichheete goufen am Gemengewahlkamp bemierkenswäert wéineg diskutéiert. Bei de Chamberwahlen hunn bal all Parteien Thematik an hire Programmer intégréiert. Et fällt awer op dass gréisser Parteien ganz Themefelder wèi Obdachlosegkeet an den Accueil vu Menschen dèi Asyl ufroen vergiess hunn. Dest weist dass Aarmut net mat all senge Facette betruecht gett. Et feelt och nach emmer eng kohärent, realistesch, différenzéiert a laangzäit Visioun vun der Aarmutsbekämpfung. Ouni dèi tappt d’Politik eigentlech am donkelen.
Et geet net méi duer kleng Schrauwen u bestoende Moossnamen ze dréinen. Et feelt u Koordinatioun an Zesummenaarbecht zweschent enger hellewull vun Verwaltungen, Ministèren an Acteuren. Silodenken, zouen Dieren a widderspréchlech Entscheedungen bremsen nach emmer eng effikass Hellef aus. Och eng administrative Vereinfachung ass wichteg.
Vill vun eis schweesse schonn bei der Steiererklärung. Sech am Labyrinth vun der Sozialhellef erem fannen, ass nach eng kéier en anere Niveau.
Wa mir am Kampf gèint d’Aarmut wellen Erfolleg hunn, da mussen mir och sensibel an onpopulär Punkten uschwätzen. Aner Elefanten am Raum wéi den Demokratiedefizit, eng nohalteg Rentenreform oder och de Wuestumsmodell musse méi breet diskutéiert ginn.
Och wann keen et well héieren. Laangfristeg ass et fir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft onerlässlech dass d’Schéier zweschent Aarm a Räich net weider opgeet.