Wann et Lëtzebuerg och an Zukunft gutt goe soll, muss d’Politik bei den ustoende Parlamentswalen hire Fokus net nëmmen op de Bierger riichten, mee och op de Betriber hier Interessen agoen. Eng Carte Blanche vum Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.

Eng Carte Blanche vum Carlo Thelen: Léif Parteien, denkt och un d’Entreprisen!

Net nëmmen d’Klima vun onsem Planéit, mee och dat wirtschaftlecht Klima huet sech an de leschte Joren zum Deel spierbar verschlechtert. Dëst ass konjunkturell an duerch déi rezent Krisen bedéngt. Zu Lëtzebuerg hunn mir awer och zanter Joren strukturell Problemer, wéi et zum Beispill aus dem rezente World Competitiveness Ranking ervirgeet. An dësem Klassement iwwert Wettbewerbsfäegkeet steet eist Land par rapport zum leschten Joer nach esou just op der 20. Plaz, an huet sech em 7 Plaze verschlechtert.

Kaum iwwerraschend also, dass d’Moral vun den Entrepreneuren ugeknéckst ass.

Zwar ka Lëtzebuerg dës Joer nach mat engem Wuesstem vun 1,5% rechnen, wärend an der Eurozone just nach e Plus vun 0,3% erwaart gëtt. Aner Länner ewéi Däitschland oder Holland sinn esouguer schonn an d’Rezessioun gerutscht.

Déi 1,5% Wuesstem déi de Statec Lëtzebuerg dës Joer nach zoutraut, léien awer wäit ënnert dem, wat mir brauche fir eisen héije Liewens-Standard an eis Sozialleeschtunge laangfristeg ze erhalen.

D’Zäiten an deene Lëtzebuerg sech mat sengem oppene Marché ëmmer rëm op déi auslännesch Investisseur’en an déi international Konjunktur verloossen konnt, sinn eriwwer.

Mir brauche strukturell Reformen, déi eise Standuert erëm attraktiv maache, déi eis Betriber erëm wettbewerbsfäeg maachen, hier Rentabilitéit an hier Innovatiounskraaft erëm stäerken.

Fir Lëtzebuerg fir d’Zukunft fit a resilient ze maachen, muss eis Wirtschaft weider diversifizéiert ginn. Dat geet just wann eis Betriber an engem geschaeftsfrëndlechen Kader schaffe kënnen. Dofir mussen administrativ Hürden esouwäit wéi méiglech ofgebaut ginn. D’Aarbechts- a Steierrecht musse méi attraktiv ginn fir Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen an eng Entreprise grënnen oder weiderentwéckelen wëllen.

Bei der digitaler an ökologescher Transitioun musse Betriber weider ënnerstëtzt ginn. Och an d’Aus- a Weiderbildung, mee och an d’Recherche an d’Innovatioun muss weider massiv investéiert ginn. D’Logementspolitik gehéiert grondleeënd reforméiert.

Dat alles natierlech ouni d’Staatsfinanzen iwwer Moosen ze belaaschten... Wéi dat alles gelénge kann, erkläert d’Chambre de Commerce a 6 thematesche Broschüren, déi de Parteien a Kandidate virgestallt goufen.

Eng Regierung déi sech fir staark Betriber asetzt, setzt sech fir ee staarkt Lëtzebuerg an. Well d’Entreprisë sinn d’Réckgrat vun der Gesellschaft. D’Entrepreneuren huele Risiken, investéieren, schafen Aarbechtsplazen, bréngen dem Land Räichtum an dem Staat Steiergelder eran, a mat Steiergelder kann ee Politik gestalten.

Dofir léif Parteien, denkt och un d’Betriber wann der nom 8ten Oktober an der Chamber matbestëmmt a gefrot gitt um neie Koalitiounsprogramm matzeschaffen!