Haut schwätzt d’Magali Paulus iwwert d'Hierscht-Equinox, Privileegien an Biergerréit.

Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Den 23. September war d’Hierscht-Equinox, deen Dag sinn den Dag an d’Nuecht fir e Moment an engem perfekten Equiliber. An eiser vun der Natur deconnectéierter Gesellschaft hu mer lues a lues vergiess, déi Momenter ze feieren. Eis déi Momenter ze huelen, eis mat der Aussewelt an der Bannewelt ze connectéieren an déi z’equilibréieren. E Moment méi lues ze maachen, der Äerd Merci ze soen fir alles, wat si eis gëtt. Dat ass och eppes, wat mer vergiess hunn, der Äerd Merci soen. Fir aus dem Anthropocène erauszekommen, musse mer eis Relatioun mat eiser Äerd nei opbauen. An doduerch, dass mer ufänken, eis mat der Natur ze connectéieren, kënne mer eis och nei zu eis selwer an eise Matmënsche connectéieren. Dorop musse mer e Bewosstsinn opbauen iwwert den Impakt vun all mënschlecher Aktioun op d’Natur, op déi aner Mënschen an op eis selwer, an Decisiounen huele mat dësem Impakt kloer virun Aen.

Eng Decisioun, virun där mer an 2 Woche stinn, ass wéi mer wielen. Fir wie wiele mer? Fir eis? Fir eis Matmënschen  hei am Land vun deenen d’Hallschent vun de Walen ausgeschloss sinn? Fir d’Mënschen, déi duerch eis Liewensaartaweis um Klimawandel leiden? Fir déi nächst Generatiounen? Fir all déi aner Liewewiesen? Fir d’Natur? Fir alles, wat lieft? Mee déi Froen dierfte mer eis net nëmmen all puer Joer stellen, wa mer eis Walflicht ausüben. Oder ass et e Recht? Hei zu Lëtzebuerg ass zemools e Privileeg, ëmmerhin si mir eng ganz exklusiv Demokratie, wou e groussen Deel vun de Leit, déi am Land liewen oder schaffen a sou zu sengem Wuelstand bäidroen, kee Walrecht hunn.

Dowéinst musse mer eis Demokratie och ausserhalb vun de Walen ausbauen an alle Bierger*innen d’Méiglechkeet ginn, sech a politesch Prozesser anzebréngen an och Decisiounen ze huelen. Dofir si Biergerréit en interessant Instrument, fir dem Demokratiedefizit entgéintzewierken. E Biergerrot  besteet aus engem klenge representative Grupp vu Bierger*innen, deen ausgeloust gëtt an iwwert e spezifesche politesche Problem deliberéiert. Fir dass esou eng Deliberatioun fonctionéiert, musse verschidde Basiskonditiounen erfëllt sinn: en transparente Prozess, eng Inclusioun vun de Memberen an d’Formulatioun vun der Fro, iwwert déi se deliberéieren, genuch Zäit an eng Begleedung. Biergerbedeelegung kann en net iwwert de Knéi briechen, si brauch Zäit, genausou wéi d’Bierger*innen méi Zäit brauchen, fir sech fir eng ekologesch, sozial a gerecht Transitioun z’engagéieren.

Ech wënsche mer, dass mer eis all méi mat der Natur, eise Matmënschen an eis selwer connectéieren an dass déi, déi de Privileeg hunn, wielen ze goen, fir dat Liewegt wielen.