De Non-Profit-Secteur stäerken

De Logementsproblem ass net mat steierlechen Avantagen fir Investisseuren ze léisen. Dat huet an der Vergaangenheet näischt bruecht an ass och kee Modell fir d’Zukunft. A senger Carte blanche proposéiert de Gilles Hempel eng aner Approche, fir där Saach endlech Meeschter ze ginn.
“Housing is for people, not for profit” war d’Conclusioun vum Bent Madsen, dem President vun Housing Europe bei senger Ofschlossried um International Social Housing-Festival zu Barcelona. Eng Konferenz wou iwwer 2000 Experten aus der ganzer Welt dräi Deeg laang iwwert de Logementsproblem debattéiert hunn. An domat war alles gesot.
Wunnen ass ee Grondbedierfnis an ee Mënscherecht. Eng Wunneng ass net do, fir Geld domadder ze maachen. An och kee Finanzproduit fir Investisseuren a Spekulanten. Mir brauchen um Wunnengsmaart keen, deen do just Profit maache wëll. Wat mir brauchen, ass ee staarken Non-Profit-Secteur, Acteuren, déi ouni Gewënnzweck Projeten entwéckelen an abordabel Wunnengen an der Locatioun ubidden.
Hei soll selbstverständlech mat private Baufirmen zesummegeschafft ginn. Déi hunn de Knowhow an d’Manpower, fir déi Wunnengen ze bauen. Privatpromoteuren, déi just deck Margë wëlle maache, déi kënne mir hei net gebrauchen.
De Lëtzebuerger Staat huet et an de lescht Joerzéngte verpasst, ee soziale Wunnengsbau-Secteur opzebauen. Ze laang ass hei just op déi zwee ëffentlech Bauträger an d’Gemenge gesat ginn. Mam Resultat, dass mer haut just 2% abordabele Wunnraum hunn.
Wa mer an d’Ausland kucke ginn, da gesi mer, dass et ganz oft net de Staat oder d’Gemenge sinn, déi de soziale Wunnengsbau virundreiwen, mee Non-Profit-Organisatioune wéi Genossenschaften a Stëftungen.
Déi nächst Regierung muss d’Schafung an d‘Entwécklung vun Non-Profit-Acteuren am Logement aktiv ënnerstëtzen. ONGen, déi am ëffentlechen Interessi Wunnenge bauen a präzis Oplagen anhalen, sollen ee Startkapital an Personalkäschte vun den éischte Jore finanzéiert kréien.
Zesumme mat den ëffentleche Bauträger, kennen d‘Non-Profit-Acteuren de Marché mëttelfristeg dominéieren. Sou wéi datt zum Beispill zu Wien de Fall ass. Da ka Wunnengsbau- an Immobilienentwécklung endlech am Interêt vun der Bevëlkerung stattfannen an net just am Interêt vun enger Rei Profiteuren.