A senger "Carte blanche" kuckt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, op d’Walcampagne vu bis elo zréck. Do geet et och ëm eng Soirée, déi Froen opwerft.

Bis op e puer Ausnamen ass de Walkampf 2023 éischter e rouege gewiescht. Dës Woch dann e klengen Opreeger ewéi op dëser Antenn d’Privatfeier vun engem groussen Entrepreneur thematiséiert ginn ass. Méi ewéi 150 Leit ware komm, dorënner den nationalen CSV-Spëtzekandidat an e Pack Deputéiert vun CSV an DP esou wéi LSAP-Prominenz.

Carte Blanche vum Marc Glesener

Anerer haten ofgesot, dorënner Sozialisten a Grénger. Erëm anerer waren net invitéiert. Wéi, déi meeschte Leit an och den Auteur vun dëser Carte Blanche, deen also keng Detailer weess, iwwer d’Soirée, déi keng politesch Veranstaltung, keen Iesse mat Politiker a kee Geheimtreffe war. Genee dat ass a verschiddenen Berichter anescht duergestallt ginn.

Firwat? Well et besser an d’Bild passt. Nom Motto, déi Räich an déi Dichteg feieren, an d’Vollek muss kucken, dat et d’Enner zesumme kritt. Dësen Narrativ bréngen iwwregens och Piraten, Lénk an aner politesch Acteure geziilt ënner d'Vollek. Knapp zwou Woche viru Walen ass esou eng Saach absolut wëllkomm a quasi e richtege Kaddo fir eng populistesch Opbereedung.

Zréck zum Fong.

Fir e politesch Beroder ass et eng kleng Katastroph wann seng Top-Leit sech esou exposéieren an Ugrëffsfläch bidden. Dat ass awer éischter eng Form- a Marketing-Fro. Méi déif gekuckt, muss ee sech d’Fro stellen, op de Politiker – an aner gesellschaftlech exposéiert Leit – e Privatliewen hunn an dëst och kenne liewen. Däerf een nach Frënn hunn a bei déi op eng Feier goen, och wann déi Leit zum Beispill Entrepreneur sinn? Däerf een ausserhalb vum Beruff privat Kontakter hunn a wa Jo mat wiem a wat muss een ëffentlech maachen?

An dann eng aner Saach: Op een eng Invitatioun mat engem Hannergedanke kritt oder net, dat muss e fir sech selwer entscheeden. Am Fall iwwer deen et hei geet, kann ech dozou näischt soen. Déi eng sinn ebe gaangen, déi anerer net. Dofir ginn et bestëmmt gutt Grënn.

Wat den 8. Oktober ugeet, esou hoffen ech, dat et net d'Presenz oder Netpresenz bei Soiréeën an d’Kapazitéit méi oder manner talentéiert Carbonara a Bolo ze fabrizéieren de Choix definéiere wäert. Et geet ëm d’Zukunft vum Land an net grad einfachen Zäiten a politesch Entscheedungen. Do hu mer alles ze gewannen a vill ze verléieren.