Fir méi Chancëgerechtegkeet an der Schoul, d’Promotioun iwwerschaffen!

International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d’Promotiounskrittären an d’Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a senger Carte blanche no.
De Retard deen an engem Schoulparcours duerch 1 Joer widderhuelen entsteet, ass net nëmmen desastréis fir dem Jonke säi Selbstvertrauen, mee huet och een direkten Impakt op d’Leeschtung vun dem Schoulsystem insgesamt. An dach ass de Redoublement nach ëmmer eng Realitéit, déi zu Lëtzebuerg iwwert dat Duebelt vun der Moyenne vun den OECD-Länner läit.
Doriwwer eraus sinn d’ Noexamen, wou d’Promotioun um Spill steet, duerch sougenannt “Travaux de vacances” organiséiert. Net seele ginn déi Dossieren - déi an d’Nummer vum Noexame mat afléissen- vu qualifizéierte Leit begleet. Familljen, déi sech dat net leeschte kënne, si benodeelegt. Eng Fro: Hunn déi Kanner, déi wärend dem Schouljoer aus ville verschiddene Grënn gestruewelt hunn, hir Vakanz net grad esou verdéngt wéi déi, déi de Schoulrhythmus gemeeschtert hunn?
Eng Majoritéit vun Enseignanten si géint de Redoublement; si sinn awer och géint eng automatesch Promotioun wéi grad déi aktuell Diskussioun heiriwwer am Cycle inférieur vum Enseignement général weist. Wéi kann een dann de Schüler a schoulesche Schwieregkeeten am beschte begleeden?
D’Léisung kann een ëmschreiwe mat "integréierter pedagogescher Ënnerstëtzung". Wuel bemierkt, et geet em eng cibléiert Hëllef fir de Jonken - also onbedéngt differenzéiert - op déi individuell Besoinen zougeschnidden, wärend der regulärer Schoulzäit.
Fir esou en Dispositif sinn eng Rei Etappen erfuerdert: eng Diagnos mat alle Concernéierten, d’Ausschaffe vun engem individuelle Projet an eng reegelméisseg Bewäertung vun der Aarbecht.
Dëst kann een net einfach op dat reguläert Léierpersonal iwwerdroen: nee, et ass duerch spezialiséiert Pedagogen a Fachexperten virzebereeden, déi den Enseignant ënnerstëtzen. Dat ass e wesentleche Critère fir den Erfolleg vum Prozess. D’Differenzéierung am Klassesall géing op den Uwendungsübunge leien. Co-Teaching, successiv oder simultan Differenzéierung, Gruppenandeelung no Bedierfnes oder Niveau, si nom franséischen Erzéiungswëssenschaftler Philippe Meirieu heifir interessant Strategien.
De Schüler mécht d'Tester wéi all déi aner. Dëse Punkt ass wichteg, well summativ Evaluatiounen et méiglech maachen den Niveau vum Jonken am Verglach mat der Klasse Moyenne ze situéieren.
Nëmmen am Fall vu groussen Ecarten, misste Schoul, Elteren a Jonker eng nei Orientatioun an d’A faassen, déi den Talenter vum Jonke besser entsprécht.
D’Thema vun der Promotioun ass essentiel wa mir e weidere Schrëtt a Richtung vun enger méi gerechter an effizienter Schoul maache wëllen. Een Optrag fir nom 8. Oktober!