Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an der Rei, och wann et nach e weidere Gewënner gëtt - déi mënschlech Dommheet. Doriwwer ass et besser ze schwätzen, iert et ze spéit ass: Kuerz déi brong Gefor. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Es ass Freideg den 13. Oktober net 2023, mä am Joer vu eiser Här 1307. Ob Uerder vum franséische Kinnek Philipp dem IV. - genannt de Schéinen - ginn Tempelritter a ganz Frankräich zäitgläich verhaft. Eng gutt organiséiert Operatioun wéi d'Mënschheet bis ewell nach keng gesinn huet. Dee mysteriösen, mä räichen Ritteruerden ass domadder Geschicht a bliwwen ass just den Datum vun der Verhaftungswell, deen bis haut als Onglécksdag weiderlieft - Freides den 13. - also haut.

An dëser Analogie vum Ongléck reit sech och den russescher Präsident an d'Lëscht vun déifst onsympathesche Gesellen, mat deenen mir all dëse Planéit deelen. Wär ech bis ewell der Iwwerzeegung, dat sech nom Trump kee weideren Ofgrond - keng Abyss - kéint opdoen, muss ech hei mäi Feeler agestoen - e klasseschen Denkfeeler - et soll en eben nimools ni soen. Änlech dem Yuval Harari[1], deen an engem Spiegel-Artikel der Welt erkläre muss, firwat e sech an senger kuerzer Geschicht iwwert d'Mënschheet verrechent, respektiv geiert huet - et dierft een déi mënschlech Dommheet eben ni ënnerschätzen[2].

Denkt Dir och lo un eis legislativ Wale vum leschten Sonndeg? Den heemleche Gewënner, ass souwuel Ausdrock vun enger kollektiver Dommheet, wéi och enger Hypothéik op eis eegen Zukunft - wéi brong riicht et wierklech aus dem Eck?

Schonn eleng de Wee vun der Gebuert vun dëser Partei aus enger Neiddiskussion iwwert Renten bis hin zu enger Alternativ fir Demokratie - de Numm ass och schonn zwee Mol geännert ginn - do kënnt der mech gären hunn[3], fir lo kengem mam Max Liebermann den Appetit ze verdierwen[4].

Duerch Walflicht bleiwe mer da bis ewell och vum Phänomen aus eisen Nopeschlänner verschount, wou d'Wiedersituation entscheet, ob den normale Bierger wiele geet oder net. De Protestwieler stéiert sech dorunner net an et wier ouni Walflicht wuel kaum bei bal 10 Prozent Schluss gewiescht.

Zréck bei de Pokal vun den Despoten. Fir dem "Adi" d'Waasser se reechen, geet et nach net duer - bei der Idiotie vun der Aktioun, also dem Amarsch an d'Ukrain, ass den Här Putin gefillt awer lo schonn de Gewënner. Wat awer Genozide an aner Verbriechen ugeet, do feelt nach e bëssi u Schnurres. Nawell muss een dem Här Putin e 'Merci' soen - sou huet en eis en, wann och deieren, dofir awer éierlechen Compte-Rendue vum desastréisen Zoustand vun der europäescher Verdeedegungsinfrastruktur gemaach. Hei si mer mat engem bloen Aen dovu komm - bis ewell.

Bei deem bloen Aen soll et och hei zu Lëtzebuerg bleiwen - dofir huet déi nächst Regierung och de kloren Optrag, fir och hei 'Merci' ze soen, a sech dëser potentiell nationalistescher also bronger wéi och dem Populismus also der Gefor unzehuelen. D'Politik hat dat schonn 1994 annoncéiert - mam Resultat, dat dee Premier haut pensionéiert ass an d'Partisane vum Verbrennungsmotor grad eng Renaissance erliewen.

Wéi soll den Einstein scho méi gesot hunn: "Zwou Saachen sinn onendlech: den Universum an déi mënschlech Dommheet, woubäi ech mer beim Universum nach net ganz sécher sinn."[5]

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill


[1] https://www.spiegel.de/kultur/weltordnung-nach-wladimir-putin-sind-kriege-kuenftig-unausweichlich-a-028c8368-e1f1-40e3-9c73-1a193208a1d5?sara_ref=re-xx-cp-sh

[2] https://www.spiegel.de/kultur/yuval-noah-harari-ueber-den-ukraine-krieg-man-darf-die-menschliche-dummheit-nie-unterschaetzen-a-a7fe6a2c-c07e-433b-8d2f-be90898a7f00?sara_ref=re-xx-cp-sh

[3] fir bei der Analogie vun der Wahlkampagne ze bleiwen

[4] https://www.ndr.de/kultur/kunst/Die-Hauda-die-Kunst-Max-Liebermann,haudaliebermann100.html

[5] https://falschzitate.blogspot.com/2019/05/zwei-dinge-sind-unendlich-das-universum.html