D'Wale sinn eriwwer, hunn d'Bierger elo näischt méi ze soen?

Eng nei Chamber gouf fir déi nächst 5 Joer gewielt, elo ass et un der Politik. Dem Bierger seng Meenung, ass déi elo net méi gefrot?
Den 8. Oktober goufen 284.000 Wieler fir d'Chamberwalen opgeruff. Si hunn demographesch Realitéit vun eisem Land net erëm gespigelt. Laut dem Denis Scuto ass haut de Prozentsaz vu Walberechtegt ënnert 40% gefall, wat méi déif ass ewéi dee vun 1919, wou d’allgemengt Walrecht och fir Fraen agefouert gouf. E groussen Deel vun der Bevëlkerung auszeschléissen, entsprécht net dem Sënn an Zweck vum allgemenge Walrecht. Wann een hei schafft, Steiere bezilt, säi Liewen hei opbaut a vun de Gesetzer, déi an der Chamber gestëmmt ginn, a sengem Alldag betraff ass, misst een dach och kënne matbestëmmen. De Walkampf gouf vill op Lëtzebuergesch gefouert, do ass eng Chance verpasst ginn, och den auslänneschen Net-Wieler d'Fuerderungen an d'Visioune vun eise Parteie matzedeelen.
D'Lëtzebuerger Wieler hunn am Referendum vun 2015 kloer Nee zum nationale Walrecht fir all Awunner gesot. Domadder ass de Problem vum demokrateschen Defizit awer kengesfalls vum Dësch , Lëtzebuerg ass a bleift en Awanderungsland. De Bierger mat oder ouni Walrecht misst Méiglechkeet kréien, sech an nationalpolitesch Diskussiounen ze bedeelegen.
D'Petitiounsrecht bitt zwar eng Méiglechkeet, mee ouni obligatoresche Suivi vun de Konklusiounen duerch Chamber a Regierung.
An der däitschsproocheger Regioun vun der Belsch besteet e gesetzlech verankerte Biergerrot, deen nom Zoufallsprinzip an ouni Nationalitéitsklausel zesummegesat ass. Dëse Biergerrot befaasst sech mat nationalen Themen a mécht dem Parlament Verbesserungsvirschléi, déi diskutéiert musse ginn a wa se net zeréckbehale ginn, muss Politik sech rechtfäerdegen. Eng intressant Approche, mat der all Bierger sech abrénge kann an eng Garantie huet, datt seng Iddien eescht geholl ginn. Bei eis gëtt et dogéint weder e rechtleche Kader nach eng strukturéiert Virgehensweis fir Biergerréit, obwuel d'Zivilgesellschaft dëst scho säit Jore fuerdert. Sécher ass de Klimabiergerrot eng éischt zaghaft gutt Initiativ, mee et kann ee sech froen, ob a wéi déi nei Regierung eng breet Biergerbedeelegung wäert ugoen. Bis Walrecht nom Wunnsëtzprinzip agefouert gëtt , kéinte mir eis vum belsche Modell inspiréieren an ëmsetzen. Sech hannert dem Resultat vum Referendum vun 2015 ze verstoppen, fir d’Hallschent vun der Bevëlkerung op Dauer vum Matsproocherecht auszeschléissen, ka jiddefalls keng Léisung sinn.
D'Abezéie vun alle Mënsche bréngt sozialen Zesummenhalt a Solidaritéit. Nëmmen esou kann eis Gesellschaft di gewalteg Erausfuerderunge vu muer packen. Ech erhoffe mer dofir vun der neier Regierung konkret gesetzlech Virschléi zur Biergerbedeelegung vu Lëtzebuerger an Auslänner. Am Virfeld vun de Walen hu sech zu Bouneweg op enger Table ronde, un där all d'Parteien aus der Chamber ausser dem ADR deelgeholl hunn, all d'Vertrieder ouni Ausnam fir e Biergerrot ausgeschwat. Da si mer mol gespaant ...