Decroissance a Sobrietéit oder technologesche Fortschrëtt - Wéi léise mer d'Klimakris ?

D'Äntwert läit wuel iergendwéi dertëschent. Fuerschung an Technologie kënne Léisunge liwweren, fir grouss gesellschaftlech Problemer besser ze bewältegen.
Ma d’Fuerschung brauch Zäit an e kontinuéierleche Support, seet de Marc Schiltz, Chef vum Fonds National de la Recherche a senger Carte Blanche:Dass d'Klimakris eng Realitéit ass, gëtt haut kaum nach an Zweiwel gestallt. Allerdéngs ginn déi virgeschloe Léisungsweeër oft wäit ausernaner. Op där enger Säit ginn et déi, déi soen, dass mer ons Gewunnechte mussen drastesch änneren, méi ëffentlechen Transport oder Vëlo benotzen, manner Fleesch iessen, just 4 mol an onsem Liewen de Fliger sollen huelen, asw. D'Ressourcë si letztendlech limitéiert a mer kënnen net esou weider fueren ewéi bis elo, behaapte si.
Op där anerer Säit ginn et der, déi fest dru gleewen, dass nei Decouverten, Fuerschung an Innovatioun ons letztendlech wäerten déi technesch Entwécklungen erméiglechen, fir d'Klimakris ze iwwerwannen, ouni dass mer dofir onse Liewensstandard an onse Wuesstem – quitt dass en dann "nohalteg" ass – mussen opginn. Do derhannert steet d'Iwwerzeegung, dass d'Wëssenschaft an Technologie am Prinzip Léisunge fir all Problemer kënne fannen.
Wa mer zeréck op d'Covid-Pandemie kucken, kéint een op den éischten Abléck mengen, dass se Recht hätten. Tatsächlech ass a Rekordzäit e Vaccin entwéckelt ginn, deen et ons erlaabt huet, relativ schnell des Kris ze iwwerwannen. Et kéint een also mengen, dass wann et wierklech drop u kënnt, da fënnt d'Fuerschung schnell déi richteg Léisung.
Wann een dat awer elo méi genau kuckt, da kënnt en anert Bild zum Virschäin. Déi zwee Fuerscher, déi dëst Joer den Nobelpräis fir Medezin kruten, hu schonns zënter Joerzéngten d'Viraarbecht geleescht, déi letztendlech zur Entwécklung vun den m-RNA Impfstoffer gefouert huet, déi esou erfollegräich géint Covid sinn. Et kann ee bal soen, dass et eigentlech just e pueren Zoufall ass, dass déi Entwécklung grad zum richtegen Zäitpunkt – wéi d'Pandemie ausgebrach ass – déi néideg Maturitéit hat, fir kënne Vaccinen à grande échelle ze produzéieren.
Fuerschung an Entwécklung funktionéieren net einfach ewéi en Automat, wou een uewen Geld erageheit an ënne kënnt d'Léisung eraus. Villméi brauch et laangen a kontinuéierleche Support, fir dass déi néideg Innovatiounscyclen, déi oft Joerzéngten daueren, kënnen iwwerbréckt ginn.
Jo, Wëssenschaft an Technik hunn eis ëmmer erëm iwwerrascht mat neien Entwécklungen a Léisunge fir Problemer, an ech sinn iwwerzeegt, dass dat och fir d'Klimakris determinant wäert sinn. Mee Fuerschung an Innovatioun brauche Kontinuitéit an Zäit, an déi leeft ons ewech bei der Klimakris. Ouni also an e blannen Technologie-Optimismus ze falen, musse mer natierlech staark an d'Fuerschung an Innovatioun investéieren an ons awer och drop astellen, dass mer ons Gewunnechten ëmstellen.