Halloween, awer och Allerhellegen an Allerséile sti virun der Dier, mat nodenkleche Momenter, déi äis an dësen Deege beweegen. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Viru kuerzem hunn ech an der Zeitung eng intressant Doudesannonce geliest: "Happy Birthday in Heaven, you are loved, you are remembered." Den Doudesdag als Gebuertsdag – eng intressant Iddi! Intressant, awer weder nei nach originell. Dat erënnert mech un déi fréichrëschtlech Märtyrer an Helleg: Hiren Doudesdag gouf interpretéiert als Gebuertsdag fir an den Himmel, fir an d'éiweg Freed. Dacks gëtt bis haut op deem Dag hiert Fest gefeiert, also: "Happy Birthday!", an domat den Namensdag vu ville vun eisen Zäitgenossen: "Happy Feastday!"

An do mécht et nach eng Kéier "Klick" bei mer, well do denken ech un dat, wat mer dëser Deeg feieren, iwwermoar: Allerhellegen, d'Fest vun allen Hellegen, deene bekannten an deenen net bekannten – woubäi mer och hoffnungsvoll déi Matmënschen zielen däerfen, déi äis léif a wichteg waren. Si all hunn elo Gebuertsdag, gewëssermoossen, am Himmel: "Happy Birthday in Heaven!" An och mir kënne soen, wa mer u si denken oder op de Kierfecht ginn: "You are loved, you are remembered." Si sinn net vergiess.

Fir gleeweg Leit ass dat den eigentleche Plang zum Liewensenn. Nu ënnerscheet deen sech grondsätzlech vum neien nationale Plang zum Liewensenn, deen ugangs September der Lëtzebuerger Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn ass, mat alle Méiglechkeeten iwwer Palliativfleeg, Euthanasie an assistéierte Suicide, mat neie Medikamenter an Traitementer, mat respektive Formatiounen.

De bewäerte Plang zum Liewensenn vu Chrëschten ass 2000 Joer al, an deen erschëpft sech net am Liewensenn als Grenz, mä befaasst sech virun allem mat deem, wat duerno kënnt, iwwert d'Liewensenn eraus, egal wéi dat Enn ausgesäit, wéi et preparéiert oder inzenéiert gëtt.

Dëst thematiséiere mer all Joer ugangs November, fir äis selwer drop anzestellen a fir un déi ze denken, déi dee Wee scho gaange sinn an elo, no hirem Liewensenn, no engem neie Gebuertsdag – reliéis Mënschen hoffen a gleewen dat –, an engem neie Liewen ukomm sinn. An deem Sënn: "Happy Birthday in Heaven, you are loved, you are remembered."

Georges Hellinghausen

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen