De fréiere Minister Robert Goebbels plädéiert fir eng realistesch Ëmweltpolitik.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

D'Zukunft bleift ëmmer ongewëss. De Mënsch ka versichen, d'Zukunft ze plangen. Awer ouni Illusiounen. Leider huet et sech an der Politik agebiergert, sech méiglechst ambitiéis Zieler fir Horizonter se setzen, déi oft ganz weit ewech leien: 2030, 2035 souguer 2050.

Viru 5 Joer ass d'Bettel-2-Regierung mat grousse Virsätz ugetrueden. Et hat awer keen d'Covid-Pandemie virausgesinn. Och net de Krich an der Ukrain. Um Radar vun der Politik waren net d'Explosioun vun den Energie-Präisser an de Retour vun der Inflatioun.

Wärend Frieden a Bettel un hirem Regierungsprogramm bastelen, weess kee Mënsch, wat fir Auswierkungen den israeelesche Rache-Feldzug am Gaza-Sträifen nach kritt. Wéi de Krich an der Ukrain sech entwéckelt. Wat fir Konsequenzen d'Rivalitéit tëschent USA a China kritt. Op den Trump als onberechenbare Präsident zeréckkënnt. A villes méi, wat ons Zukunft am gudden oder schlechte beaflosse kann.

Et ass ze hoffen, dass déi nei Regierung esou realistesch an esou wéineg doktrinär wéi méiglech bleift.

D'Klima-Problematik ass real, awer net vu Lëtzebuerg aus mat illusoreschen Zilsetzungen ze léisen. Wéi solle mir "Null Emissioune" realiséieren an engem Land, dat zu 95% Import-ofhängeg ass fir säi Konsum, dorënner onsen Energie-Verbrauch?

Bis 2030 sollen 49% vun eisem Automobil-Park elektrifizéiert ginn. Déi néideg Batterië fonctionéieren nëmme mat rare Metaller ewéi Lithium. Mat engem risegen Energie-Opwand aus der Äerd gebuddelt a raffinéiert.

Erneierbar Energië sollen ons Gesellschaft um Lafen halen. Am "Wort" huet en Ingenieur virgerechent, dass onst Land eng 5.000 4,2-Megawatt-Wandmille bräicht, fir zirka 50% vun onsem Verbrauch ofzedecken. Ass dat realistesch?

An deene leschte Joren ass villes besser ginn am Ländchen. D'Ëmweltbewosstsinn ass gestiegen. Weider Efforte sinn noutwendeg a méiglech. Mä d'Politik muss sech realistesch Ziler setzen. Déi vun de Mënsche verstanen an akzeptéiert ginn. Fir wat goufen déi Gréng vum Wieler ofgestrooft, sinn zwee vun den ideologeschste Ministeren net erëmgewielt ginn?

Well déi meescht Bierger den Ënnerscheed tëschent Theorie a Praxis maache kënnen.