Inklusiv Finanz fir eng méi inklusiv Gesellschaft

Am Laf vun de leschte Joer ass Lëtzebuerg eng Héichbuerg vun der inklusiver Finanz ginn. Do hunn eng Rei Lëtzebuerger Organisatioune villes geleescht.
An dëser Carte blanche freet den Auteur sech, ob een net misst ee Schrëtt weidergoe, fir mat der inklusiver Finanz net nëmmen eenzele Leit ze hëllefen, mä och gläichzäiteg nach méi zu enger inklusiver Gesellschaft bäizedroen.
Am Laf vun de leschte Joer gouf hei zu Lëtzebuerg vill gemaach fir d’Finanzplaz ze diversifizéieren. Esou gouf versicht eist Land als ee wichtegen Zentrum vun der Inklusiver Finanz ze maachen.
Eis Banke sollte vill Finanzprodukter, déi meeschtens aus dem Ausland kommen a Bezuch zu enger inklusiver Finanz hunn, hire Clienten ubidden. Parallel sollten awer och zu Lëtzebuerg inklusiv Finanzaktivitéiten entstoen an international ugebuede ginn.
An effektiv ass et progressiv gelonge, Lëtzebuerg zu enger Héichbuerg vun der inklusiver Finanz ze maachen. Et si vill Associatiounen an aner Organisatiounen entstanen, déi an deem Domaine aktiv sinn. Verschiddener sinn esouguer weltwäit zu enger Referenz ginn an hunn, a ville Länner vun der Drëtter Welt, Groussaarteges geleescht.
Des erfreelech Entwécklung huet och mat sech bruecht, datt eng Rei vu Lëtzebuerger Associatiounen déi scho laang an der Entwécklungshëllef aktiv waren, progressiv gewëss Elementer vun der inklusiver Finanz mat an hir Aktivitéiten iwwerholl hunn oder da mat gestanen Associatiounen zesumme schaffen.
An der Tëschenzäit si, Mikrokreditter, Mikroversécherungen, Impaktinvestissementer a vill Anerer zu gängegen Elementer vun enger moderner Entwécklungshëllef ginn.
Elo ass et vläicht dach e bësschen enttäuschend, datt trotz dëse villen Efforten, déi generell Entwécklung an de betraffene Länner sech nëmme ganz lues mécht. Och wann et hei vill Erklärunge gëtt, déi sécher all berechtegt sinn, da bleift awer, datt déi eenzel Aktivitéite vun der inklusiver Finanz all Kéier éischter punktuell a kuerzfristeg hëllefen. Et brauch also eng méi breet gefächert Offer vun esou Produkter, déi et erlabe sollen, deene Persounen a verschiddene Liewensphasen ze hëllefen. An da misst déi inklusiv Finanz och derzou bäidroen, datt déi regional a national Strukture lues a lues verbessert ginn an den neien individuelle Bedierfnesser ugepasst sinn.
Well schlussendlech soll eng inklusiv Finanz net nëmmen ee Mëttel sinn, fir punktuell ze hëllefen, mä si soll vill méi bäidroen, eng méi inklusiv Gesellschaft ze schafen. All Kéier wou et gelongen ass, traditionell Mëttele vun der inklusiver Finanz erfollegräich anzesetzen, soll dës positiv Entwécklung weidergefouert ginn. Domat kann eng laangfristeg Dynamik entstoen. Sou geet et net nëmmen enger eenzeler Persoun besser, mä progressiv och senge Matbierger.
Dat ass warscheinlech dee schwieregsten Deel vun der inklusiver Finanz, well e brauch dee selwechten Asaz an déi selwecht Entschlossenheet wéi déi, déi gebraucht goufen, fir deen éischten Deel duerchzeféieren. Soss riskéiert dat positiv Resultat aus dem éischten Deel schnell verluer ze goen.
An enger Gesellschaft, déi staark individualistesch orientéiert ass, gëtt et net einfach, fir esou Konzepter erfollegräich duerchzezéien.
Michel Maquil
Fräie Wirtschaftsberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse