Déi al “Nature – Nurture” Debat ass iwwerlieft: D’ Wëssenschaft ass sech eens, datt engem Kand seng Entwécklung souwuel duerch geneetesch Facteure wéi duerch Erfarunge beaflosst ginn. Eng Carte Blanche iwwert d'Interaktioun tëscht dem Ëmfeld an de Geenen, déi d'Entwécklung steieren, a wat d´ Politik doraus schléisse kann, vun der Entwécklungspsychologin a Wëssenschaftlerin Pascale Engel de Abreu.

Wat wier, wann Dir Mesurë kéint huelen, fir d'Aarmut ze bekämpfen, d'Kriminalitéit ze reduzéieren an d'Liewensqualitéit vun de Leit ze verbesseren? Wou géing Dir usetzen?
D'Wëssenschaft seet eis, datt ee méigleche Léisungsusaz fir dës komplex sozial Problemer an der fréier Kandheet läit, wann sech d´ Gehier entwéckelt.
Eng wichteg wëssenschaftlech Entdeckung ass, dass d’ Entwécklung vum Gehier net ofgeschloss ass, wann d’ Kanner op d’ Welt kommen, an duerch vill Facteure beaflosst gëtt, dorënner och sougenannte "Geene-Ëmwelt Interaktiounen". D'Geenen ierwe mir vun eise biologeschen Elteren, mee wéi dës Geenen zum Ausdrock komme, gëtt duerch sougenannt epigeenetesch Markéierungen determinéiert, déi vum Ëmfeld beaflosst kënne ginn. Extern Facteure wéi zum Beispill d'Ernärung, Stress oder Erfarungen an der fréier Kandheet kënnen sech op epigeneetech Modifikatiounen auswierken, déi Geenen "un- oder ausschalten". Änlech wéi bei enger Computersoftware bestëmmt den Epigeenom, wat fir Funktiounen déi geneetesch Hardware ausféiert. d'Epigeneetik ass ee vun den entscheedende Mechanismen, duerch dee fréi Erfarungen hir Spueren am Gehier hannerloosse kënnen.

D'Carte Blanche vum Pascale Engel

Aus politescher Siicht ass et am Interessi vun der Gesellschaft, d'Basis fir eng optimal Entwécklung bei jonke Kanner ze stäerken. D'Qualitéit vun der Kannerbetreiung ass dobäi ee wichtege Schlëssel. Wëssenschaftlech beluecht ass d'Wichtegkeet vum sougenannten "serve and return Prinzip", ënnert deem ee reaktiounsfäeg sozial Interaktiounen tëschent Kanner an Erwuessene versteet. Änlech wéi bei engem Tennisspill, schéckt d'Kand dobäi Signaler op déi den Erwuessenen opmierksam an ugepasst reagéiert an dem Kand "zeréck spillt". Dësen interaktive Prozess ass fundamental fir eng gesond Entwécklung, ënnert anerem, well en zu epigeneeteschen Verännerunge bäidroe kann.
D'Betreiungsstrukture sollen net just als Déngschtleeschtung betruecht ginn, wou d'Haaptzil dora besteet, d'Aarbecht vun den Elteren ausserhalb vun doheem ze erliichteren. Villméi sollen si d'Grondlag fir gesond Entwécklungsprozesser bilden, andeems si een ureegend an ënnerstëtzend Ëmfeld schafen, dat déi kognitiv, emotional a sozial Entwécklung vun de Kanner fërdert. D'Zil muss kloer sinn, a qualitativ héichwäerteg Kannerbetreiung ze investéieren, als strategesch Interventioun fir d'Verbesserung vun de Liewensperspektiven, besonnesch fir jonk Kanner mat manner favorabele Startchancen. Dëst kënnt net nëmmen de Kanner selwer zegutt, mee stäerkt och d'Gesellschaft als Ganzt a fërderen eng méi resilient Zukunft fir eis all.