A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, Ex-Deputéiert, iwwert déi aktuell international Krisen an iwwert d’Defien, déi 2024 op eis zoukommen.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterer a Nolauschterinnen,

Als Ex-Politiker sinn a bleiwen ech interesséiert un all deenen aktuelle Krisen, de Suitte vu Corona, den Ängschte ronderëm d’kënschtlech Intelligenz, Ukrain- oder Gaza-Konflikter, den ekologesche Krisen a sou virun.

Trotzdeem, trotz all dëse Veronsécherungen ass a bleift et a mengen Ae vu kruzialer Bedeitung, fir elo net de Kapp an de Sand ze stiechen, mee grad elo definitiv aus dem bequeemen Dornröschen-Schlof ze erwächen an eis elo schonn den neien Evenementer an Defie vum kommende Joer 2024 ze stellen.

Den 1. Event ass sécherlech Mëtt Januar déi nei DAVOS-Konferenz vum sougenannten "Weltwirtschaftsforum". Dat 2. ass déi geplangten, am public awer gréisstendeels net bekannte WHO-Weltgesondheetskonferenz zu Genf am Mee 2024. An dat 3. sinn, fir eng besser Zukunft vun Europa, d’Wale vum Europaparlament am Juni d’nächst Joer.

Zu Punkt 1:

De Weltwirtschaftsforum zu Davos am Januar: Do treffe sech all Joer déi wichtegst Finanza Wirtschafts-Elitten, Cheffe vu Banken, Investitiounsfongen, Konzerner an déi bekannte Milliardären, fir net nëmmen iwwert hir Geschäfter a Profitter, mee och iwwert eis aller Zukunft ze diskutéieren an deels ze entscheeden.

Geziilt mat ageluede sinn a waren och ëmmer gewielte Politiker, Staatscheffen oder Ministeren, sougenannten „young political leaders“ oder „global leaders for the future“, fir do zu Davos iwwert d’Wënsch an Ziler vun dëse superräichen Elitten informéiert a gebrieft ze ginn. Vill vun den Nimm vun dësen neoliberal gebriefte Politiker si bekannt, a géint dëse ganze Spektakel gëtt et all Joers weltwäit Protester.

Léif Nolauschterer:Innen,

Et gëtt Enn Mee 2024 nach eng 2., nach vill méi brisant Konferenz zu Genf, wou et ëm déi total hannert de Kulisse vun der Weltëffentlechkeet geplangte „WHO-Pandemie-Reformpläng an nei, mee dann obligatoresch international Gesondheetsvirschrëften geet, samt Impfflichten. An dat iwwer jidder national Souveränitéit eraus! De Vott dovun am Mee riskéiert eng riseg Gefor ze gi fir Fräiheet an Demokratie, fir Informatiouns- a Meenungsfräiheet, Reesfräiheet asw.

Dofir versicht iech doriwwer ze informéieren! Ech hoffe jiddefalls, datt déi nei Regierung an dësem Punkt hirer Informatiounsflicht op eng fair Aart a Weis wäert gerecht ginn. Jean Huss

Ex-Deputéierten