Séit enger Zéit gëtt hei zu Lëtzebuerg virun allem a politesche Kreeser an domat och am Vollek iwwert d’Wuesstem vun eiser Gesellschaft diskutéiert. Hei erfannen allerhand sog. Spezialisten Ideen mat deenen sech gutt Stëmmung beim Bierger maache léist. Awer, wéi een déi Ideen ëmsetze kann , dat seet keen. Eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.

Carte Blanche vum Robert Weber

Déi Walcampagne, déi hannert eis léit, war gepräägt vun enger Diskussioun, di eigentlech ni am Fong gefouert gouf. Ech schwätze vum Thema "Wuesstem".

Di eng wëllen e "kontrolléiert Wuesstem", anerer schwätze vun engem  "nohaltege Wuesstem", nach anerer wëllen eist Wuesstem stoppen a villes méi.

Mëttlerweil, ass dat Wuert zu engem reegelrechten Angschtgefill mutéiert, oder zu engem populistesche Wuert verkomm. Dobäi soen déi Wéinegst, wéi se dat wëlle maachen.

Also, e flott Schlagwuert awer kee Programm!

Hei eng Meenung, déi ech voll deelen.

Den neien Direkter vu PWC Lux, de François Mousel, sot den 9.11.23 op dëser Antenne : "Une croissance saine est cruciale pour notre avenir. Vouloir taxer la croissance, comme le veulent certains partis, ce sont des idioties,  et cela ne fonctionne jamais."

Wat ass Wuesstem eigentlech ?

An der Wirtschaftswëssenschaft schwätzt een allgemeng vu "Wuesstem", wann di Quantitéit vu produzéierte Gidder an Dingschtlechtungen, also eist sougenannte "Bruttoinlandprodukt" (BIP) zouheelt.

Firwat brauche mer "Wirtschaftswuestem"?

Eng Wirtschaft ass op e stetegt Wuesstem ugewisen. Eng Wirtschaft däerf net stagnéieren. Faktoren, wéi Bevölkerungswuestem an technologesch Innovatioune sinn hei wichteg. Eist Ziel sinn jo Aarbechtsplazen a Wuelstand!

Wat ass de Gegenteel vun "Wuesstem" ?

D'Einname vum Staat wuessen net. D’Gewënner vun de Betriber ginn erof. Sou ass eis Wirtschaft net gewuess, mee geschrumpft.

D'Konsequenz dovunner ass, manner Aarbechtsplazen a manner an der Pai.

Eng aner Konsequenz ass, d'Betriber investéieren net an ouni Investitioune brécht d’Wirtschaft zesummen. Eng wieder Konsequenz ass, dass d’Steier-einnahmen vum Staat erofginn. Mir sinn also an enger Kris!

Ouni Wuesstem gëtt et och kee Strukturwandel. D’Ëmweltproblemer ginn net manner, mee méi grouss!

Des Wirtschaftswëssenschaft hu mer schonn am Lycée geléiert. Awer vill Leit hunn des Schoulstonnen ni besicht, oder hunn do geschlof. Si schwätzen awer doriwwer, wéi wann si Experten wären. Si sinn just primitiv Populisten!

Si wëssen awer anscheinend alles besser!