Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert een dach bedenklechen Ufank vun enger neier Koalitioun.

Carte Blanche vum Richard Graf

D'lescht Woch hunn CSV an DP eestëmmeg ee Koalitiounsvertrag gutt geheescht, den déi meescht virun der Ofstëmmung ni ze liese kruten.

Een Dag drop gouf dunn der Press just mëndlech erkläert, wat alles Wichteges am Ofkommes stéing.

De Staatsminister in spe huet gemengt, hie géif der Chamber d'Première vun dem Dokument wëllen iwwerloossen. Wéi net anescht ze erwaarden, gouf et dunn awer schnell geleakt.

Firwat also déi Geheimniskréimerei? Hunn d'Parteispëtzte vun CSV an DP Angscht virun der eegener Basis?

Der Chamber huet et jiddefalls net geschuet, Dokument scho virum Weekend kennen ze liesen, an net eréischt e puer Stonne virum Premier sengem Discours.

Elo sicht natierlech jiddereen d'Ursaach, firwat dat wäertvollt Dokument sou laang ënner Verschloss sollt bleiwen.

Eng Rei komesch Formulatioune kann ee wéinst dem Zäitdrock duerchaus entschëllegen. Et fält och op, datt villes vu Blo-Rout-Gréng einfach weider gefouert gëtt. Vum private Konsum vu Cannabis bis zur Adoptioun fir all Form vu Famill spréngt CSV iwwert hire Schied.

Um Enn bleift ee konfuse Pobeier, den an der Gesamtmelodie dach ganz vill no al bekannter neoliberaler Politik kléngt: manner staatlech Amëschung, manner héich Steiertauxe fir méi Wuesstem, den dann och net duerch ze vill Reegelunge soll gehemmt ginn.

Méi spannend ass ze kucken, wat alles net an deem Koalitiounsvertrag erwäänt gëtt. De Kampf géint Kanneraarmut zum Beispill, oder Fokaliséierung op Hauseegentum, statt op bezuelbar Locatiounswunnengen, wéi d'Caritas bedauert – obschonns se bei de Koalitiounsverhandlunge gehéiert gouf.

Dat war och fir de Mouvement écologique de Fall, dee sech elo freet, ob dës Koalitioun Drénglechkeet vun der Klima- a Biodiversitéitskriis da wierklech eescht hëlt, wann se vun enger "pragmatescher" Uluecht schwätzt, bei där d'Leit solle begeeschtert ginn an net alles virgeschriwwe gëtt.

Dat kléngt natierlech biergerno, verhënnert allerdéngs net, datt och mussen Decisioune getraff ginn.

Europa ass am gaangen, d'Chance fir e sozial gerechten Transitiounsprozess ze verpassen. Kee Wonner datt iwwerall klimaskeptesch Populisten un Zoustëmmung gewannen.

An deem Sënn wär eng méi couragéiert Politik - grad an engem Land, wou dëse Prozess nach relativ einfach iwwert Bün kéint goen - séier wichteg.

D'Zivilgesellschaft ass also weider gefuerdert, mam Fanger op d'Problemer an awer och op Léisungen hinzeweisen. Mat enger eemoleger Invitatioun op d'Senningerschlass ass et deemno net gedoen.