Vill vun ons liesen hei an do d’Commentairen ënnert den Artikelen op rtl.lu an op soss Meenungsforen. Bei enger ganzer Rei vun deene Reaktiounen kann ech just de Kapp rëselen, besonnesch wat de Stil an d’Form betrëfft.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Fir dass mer ons richteg verstinn: Ech si kloer fir d’Meenungs- an d’Pressefräiheet, wéi se am Artikel 23 vun onser Verfassung oder am Artikel 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun verankert ass. Mir gesinn déi Grondrechter oft als selbstverständlech un, wat awer e Feeler ass, well mat der zouhuelender Intoleranz riskéiert de Fräiheetsraum ëmmer méi kléng ze ginn, och an Europa. Dofir ass et ons Flicht, datt mir ons fir d’Mënscherechter, d’Demokratie an de Rechtsstaat asetzen; och am digitale Raum.

Bei enger Rei vun deene Commentairë geet et awer a mengen Aen guer net ëm d’Meenungsfräiheet, mee ganz einfach ëm Frustbewältegung. Och dat muss méiglech sinn.

Wat mech awer stéiert – an net mech eleng – datt ass de Fait, datt de Gros vun deene sougenannte Commentateuren net de Courage huet, seng Texter mat sengem Numm ze signéieren, mee sech hannert engem Pseudonym verstoppt.

Ech si mer bewosst, dass dëst Haus zum Deel weess, wien hannert de Pseudonymme steet a Bäiträg mat Beleidegungen oder Opriff zum Haass ka refuséieren. Dat geet mir awer net duer.

Dofir meng Fro un RTL an un déi aner Medien: Ass et wierklech net méiglech, just nach signéiert Commentairen ze publizéieren. D’Problematik ass ganz komplex an der Iwwerpréiwung vun den Nimm sinn  duerch d’Dateschutzgesetz Limitten gesat. Et ass awer absolut néideg en Debat doriwwer ze féieren.

Domat gëtt de Problem vun der anonymmer Aggressioun am Cyberraum u sech zwar net geléist, mee esou e Schrëtt géing awer dozou bäidroen, dass d’Qualitéit vun de Bäiträg géing an d’Luucht goen, an datt den Toun géing méi ziviliséiert ginn, wat dem Zesummeliewen an onser Gesellschaft nëmmen hëllefe kéint. E gudden och kontroversen Debat ass esou wichteg fir ons Demokratie.

Ech sinn der Meenung, dass jidder Eenzelen acceptéiere sollt, Verantwortung fir seng geschriwwen a geschwate Meenung ze iwwerhuelen. Dofir e grousse Bravo un all Commentateuren, déi hir Bäiträg och mat hirem Numm signéieren. A mäin Appell un déi, déi sech bis elo hannert engem Pseudonym verstoppen: Weist Courage a stitt mat Ärem Numm zu Ärer Meenung, déi doduercher och vill méi wäertvoll gëtt.