Vu Gewunnechten an Anachronisme bei der Wunnengsbaupolitik

© RTL-Grafik
Vu Gewunnechten an Anachronisme bei der Wunnengsbaupolitik ass d’Carte Blanche vun haut iwwerschriwwen. Si kënnt vum René Winkin.
Wärend dem Walkampf an och elo gesi mer de Wunnengsbau ganz uewen um politeschen Agenda an dat och net vu Muttwëll wann een déi sozial a wirtschaftlech Konsequenzen a Betruecht zitt.
Am ëffentlechen Discours zu deem Thema huet een dacks d’Gefill, dass eng Rëtsch Positiounen aus Gewunnecht oder als eng Zort pawlowsche Reflex un den Dag kommen. De Problem vum feelenden an ze deiere Wunnraum huet ee laange Baart a villäicht läit och dodran d’Erklärung firwat opfälleg vill mat Pauschal-Aussoen a festgefuerene Positiounen agéiert gëtt.
Wéi viru puer Joer, an Zäite vun niddregen Zënsen a boomender Aktivitéit, erkannt gouf, dass déi staark Nofro vun Investore deen Ablack präisdreiwend war, du gouf decidéiert fir se steierlech auszebremsen an d’Präisentwécklung bei Wunnengen esou besser an de Grëff ze kréien.
Blouss, wéi déi Moossnamen dunn ausdiskutéiert a « prêt à l’emploi » waren, du war d’Welt eng ganz aner. Inflatiounen an héich Zënsen hunn d’Nofro um Wunnengsbäumaart abrieche gedoen. Trotzdeem huet d’Politik stuer hir Nofro-bremsend Decisioune emgesaat. Een Anachronismus, deen den Abroch nach verschäerft huet.
Haut spiire mer ee staarke Réckgang beim Bau vun neie Wunnengen an eng Kris an der Branche mam Risiko dass qualifizéiert Leit verluer ginn. Déi nei Regierung well séier antizyklesch agéieren. Ma scho gëtt geklot si géif dobäi op al Nofro-fördernd Steier-Rezepter setzen. Dës reflexartech aal Kritik past natiirlech guer net an eng Zäit wou grouss Problemer entstinn, grad well d’Nofro um Buedem läit.
Natierlech sollten esou steierlech Ureizer temporär sinn. Anerer, zB där déi den Terrain mobiliséieren, mussen dobäi kommen.
Iwwer déi batter néideg kuerzfristeg Kurskorrektur eraus brauch de Wunnengsbau awer och eng koherent Laangfrist-Strategie. Sie muss konstruktiv Brécke schloen zwëschen Naturschutz, aménagement communal an engem ambitiéise Programm fir zousätzleche Wunnraum. Sie muss et den ëffentleche Bauträger erlabe fir méi a méi séier ze bauen, ouni dobäi grouss Waasserkäpp ze schafen. Des Strategie brauch och nei Modeller vu Kooperatioun tëschent privatem an ëffentlechem Secteur.
Géigesäiteg Ugrëff mat onfondéierte Behaaptungen, eesäiteg onkomplett Etuden, ideologesch Barrièren an d’Ausléise vu pawlowsche Reflexer op Begrëffer wéi Steierupassung, Promoteur, ëffentleche Wunnengsbau asw…, dat alles sollte mer probéieren hannert ons ze loosse wa mer den Zuch vum Wunnengsbau mol nees zréck op d’Schinne wëlle bréngen a wann deen Zuch dann an Zukunft och nach méi séier soll fueren.