Da grënnen ech eng Partei!

A senger Carte blanche befaasst sech de Gast Gibéryen mat neie Parteien, déi bei de leschte Walen ugetruede sinn a mat der Fro, ob dës Parteien éischter aus politeschen oder aus perséinleche Grënn gegrënnt goufen.
Hei zu Lëtzebuerg hu mir déi grouss Chance, an enger parlamentarescher Demokratie ze liewen.
Jidderee kann eng Partei grënnen, sech politesch engagéieren an déi Partei oder dee Politiker a geheime Wale wielen, wou hie mengt, dass seng Interessen oder seng politesch Meenung an Iwwerzeegung am beschte géif vertruede ginn.
D‘Zesummesetzung vun der politescher Landschaft hei am Land, déi vu siwe Parteien an der Chamber vertrueden ass, deckt de ganze politesche Spektrum of, sief dat aus ideologescher Hisiicht oder bezunn op politesch Themen.
An dach ginn et ëmmer erëm bei Walen nei Parteien a Beweegungen, déi mat Kandidatelëschten untrieden.
Wéi schonns gesot, ass dat e Verfassungsrecht, a jidderee ka vun deem Recht Gebrauch maachen.
An och all Partei, déi an der Chamber vertrueden ass, ob grouss oder méi kleng, huet eng Kéier bei null ugefaangen.
Bei den neie Parteien, déi bei de Walen ugetruede sinn, waren et awer keng ideologesch oder politesch Themen oder Iwwerleeungen, déi zu dësem Schrëtt, eng nei Partei ze grënnen, gefouert hunn, mee d’Grënn ware ganz einfach an ausschliisslech perséinlecher Natur.
Et ware Leit, déi an enger bestoender Partei Member waren an och an där Partei aktiv waren, Posten a Funktiounen an esouguer politesch Mandater an der Chamber oder a Gemengeréit haten.
Tëscht hinnen an hirer Partei koum et zu Meenungsverschiddenheeten, dacks well se net eens gi si mat anere Leit aus der Partei, vu Mandater ofgewielt goufen oder well d‘Partei se ausgeschloss huet, well se géint Statuten oder Programmer verstouss hunn oder hir Aarbecht an der Partei oder am Kader vun hirem politesche Mandat net gemaach hunn, oder well hir Presenz ganz einfach ze wënschen iwwreg gelooss huet an si net méi als Kandidat opgestallt gi sinn.
Déi meescht concernéiert Leit akzeptéieren déi demokratesch getraffen Decisioune vu Parteigremien. Et ginn awer och Leit, déi aus Trotz, Revanchismus, Frust oder aus perséinlechem Intressi dann eng nei Partei grënnen. Si wëllen hirer aler Partei domadder schueden, meeschtens mengen se awer, iwwert dëse Wee dach nach e politescht Mandat ze kréien.
Déi rezent Walen hunn awer bewisen, dass déi Lëtzebuerger Wieler dëst erkannt hunn an dofir och nëmme minimal dëse Parteien hir Ënnerstëtzung ginn hunn.
Wéi gesot, eng Demokratie gëtt jidderengem d’Méiglechkeet, eng Partei ze grënnen, d’Demokratie gëtt awer och jidder Bierger d’Recht, bei Walen dat zum Ausdrock ze bréngen, wat hien dovunner hält, an dat ass och gutt esou.